An der TierkeiDonald Trump wäert beim nächsten NATO-Sommet dobäi sinn

RTL mat AFP
Dem US-Verdeedegungsminister Marco Rubio no wäert den US-President fir den nächsten NATO-Sommet an d'Tierkei fléien.
Den Inneminister Doug Burgum (l), de Verdeedegungsminister Marco Rubio an den US-President Donald Trump bei engem Meeting vum Cabinet am Wäissen Haus.
Den Inneminister Doug Burgum (l), de Verdeedegungsminister Marco Rubio an den US-President Donald Trump bei engem Meeting vum Cabinet am Wäissen Haus.
© KENT NISHIMURA/AFP

Den US-President Donald Trump wäert dem Chef aus dem Pentagon no beim NATO-Sommet am Juli an der Tierkei perséinlech mat dobäi sinn. De Marco Rubio huet wärend där Annonce awer nach eng weider Kéier betount, datt déi transatlantesch Allianz dréngend misst reforméiert ginn.

"De President selwer wäert beim nächste Sommet vun der NATO mat dobäi sinn. Mir sinn nach ëmmer an der NATO, mä d'NATO muss dréngend reforméiert ginn", esou de Rubio virun enger parlamentarescher Kommissioun.

Hie schätzt, datt den nächste Sommet, bei deem déi 32 Memberstaaten zesummekommen, Ufank Juli zu Ankara wäert sinn. Et wier deen "ouni Zweiwel wichtegste Sommet an der Gesicht vun der Organisatioun, well et verschidde Froe ginn, déi kloergestallt a gereegelt musse ginn."

Den US-President huet sech bis ewell nach ëmmer net berouegt datt d'Europäer refuséiert hunn, am Iran-Krich un der Säit vun Israel an den USA, déi de Krich ugefaangen hunn, ze kämpfen

Back to Top
CIM LOGO