Digital SouveränitéitEU-Kommissioun proposéiert Gesetzespak, fir europäesch Tech-Firmen ze fërderen

AFP, iwwersat vun RTL
Dee proposéierte Pak soll ënner anerem de Bau vun neie Rechenzentre fërderen, déi grouss Quantitéite vun Date fir KI- a Cloud-Servicer kënne verschaffen.
Illustratiounsbild
© PHILIP DULIAN/dpa Picture-Alliance via AFP

Wann et no der EU-Kommissioun geet, soll Europa méi onofhängeg vu Cloud-Servicer a Kënschtlecher Intelligenz aus den USA an aneren Drëttstaate ginn. Et kéint ee sech net leeschten, an dësen Domäner vun aneren ofhängeg ze sinn, esou d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. D'Kommissioun huet e Mëttwoch e Gesetzespak proposéiert, mat deem europäesch Technologie-Firme solle gefërdert ginn.

Dee proposéierte Pak soll de Bau vun neie Rechenzentre fërderen, déi grouss Quantitéite vun Date fir KI- a Cloud-Servicer kënne verschaffen. Ausserdeem soll d'Produktioun vun Halbleiter a vu Maschinnen, fir eben dës Halbleiter hierzestellen, finanziell gefërdert ginn. Donieft sollen d'Demarchen, fir de Feu vert, fir esou Produktiounen ze kréien, an Zukunft méi séier oflafen.

Donieft huet d'Kommissioun Reegele fir ëffentlech Déngschter wéi Ministèren oder d'Police proposéiert. Wann et no Bréissel geet, sollen dës an Zukunft Cloud- a KI-Déngschter notzen, bei deenen d'Donnéeën op europäesche Server bleiwen. Ausserdeem sollen europäesch Open-Source-Ubidder gefërdert ginn, deenen hir Quell-Coden ëffentlech zougänglech sinn.

Aktuell notzen d'EU-Institutioune selwer allerdéngs zum Deel nach US-Servicer. Eng kleng Ännerung gouf awer e Mëttwoch annoncéiert:

Am Europaparlament gëtt an Zukunft net méi oder op d‘mannst manner gegoogelt. Vun en Donneschdeg un ass déi vir-agestallte Sichmaschinn op de Rechner vum Parlament nämlech net méi Google, mee Qwant. Dëst ass eng Sichmaschinn vun enger franséischer Entreprise, déi eegenen Aussoen no keng perséinlech Donnéeë vun den Utilisateure späichert a keng Profiller doraus mécht. D'Ëmstellung vun de puer Dausend Apparater soll automatesch funktionéieren. D'Leit behalen awer d'Méiglechkeet, da manuell erëm zeréck bei Google als Standard-Sichmaschinn ze goen.

Back to Top
CIM LOGO