
Den US-Parquet huet eng Enquête wéinst dem illegalen Import vun Mpox-Viren géint zwee Virologe vun engem Fuerschungsinstitut opgemaach. Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, géif et sech bei deenen zwee ëm en hollännesche Staatsbierger, deen Direkter vun engem virologesche Labo vun der US-Gesondheetsagence "National Institutes of Health (NIH)" ass, an ëm e Mataarbechter vun deem nämmlechte Labo aus dem Kamerun handelen. Si wieren am Januar mat Prouwe vum Mpox-Virus aus der Republik Kongo zeréck an d'USA gereest. Allebéid géinge bis zu fënnef Joer Prisong riskéieren.
Bei hirer Arees wiere bei enger Kontroll um Fluchhafe vun Detroit 113 Flacone fonnt ginn. Den FBI hätt 20 dovun ënnersicht an a 17 dovun desaktivéiert Mpox-Viren nogewisen. Nieft dem illegalen Import reprochéiert de Parquet de Fuerscher och, bei der Kontroll iwwert den Inhalt vun hirem Gepäck gelunn ze hunn. Béid Wëssenschaftler schaffen an engem Labo vun den NIH am Bundesstaat Montana. Wéinst den Erreeger, déi do ënnersicht ginn, gëllen an dësem déi héchste Sécherheetsvirschrëften.