
En Dënschdeg huet d’NASA eng Foto vun der Äerd verëffentlecht, festgehale vun der Artemis-II-Ekipp, déi sech jo den Ament op enger Mound-Ëmkreesungsmissioun befënnt. Ze gesinn ass d’Äerd hannert dem Mound-Horizont, wéi se an der Donkelheet “ënnergeet” an d’Form vun enger Séchel unhëlt.
D’Foto, déi aus der Orion-Kapsel vun der US-amerikanesch-kanadescher Ekipp ronderëm de Reid Wisemann, d’Christina Koch, de Victor Glover an dem Jeremy Hansen geschoss gouf, mécht Erënnerungen un déi berüümt “Earthrise"- also “Äerdopgang"-Foto vum 24. Dezember 1968 vum Bill Anders wakereg. D’Foto, déi den Astronaut deemools am Kader vun der Apollo-8-Missioun gemaach huet, ass och haut nach weltbekannt a gëllt als eng vun de wichtegsten an der Weltgeschicht.