
Beim grousse Bëschbrand zu Hürtgenwald an der Géigend vun Düren an der Äifel hätt sech d'Situatioun de lokalen Autoritéiten no berouegt. Bis op Weideres wieren elo emol keng weider Evakuéierungen néideg, huet et e Freideg de Moie vum Landrat vun Düren, dem Ralf Nolten géigeniwwer Journalisten op der Plaz geheescht. Dat jiddwerfalls esoulaang de Wand net nees géing méi staark ginn. Der Noriichtenagence Enex no wieren eng 300 Hektar vun de Flame betraff.
Dem Nolten no géing et den Ament virun allem drop ukommen, d'Feier laanscht d'Säite vum betraffene Gebitt anzedämmen an d'Glutnäschter am Buedem ze bekämpfen. An der Mëtt vum betraffene Gebitt wier elo alles néiergebrannt. Den Asaz géing nach daueren, et wier een nach laang net duerch.
An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg haten d'Autoritéiten déi 1.800 Bewunner vum Quartier Gey zur Evakuéierung opgeruff. D'Evakuéierung war och nach e e Freidegmoien amgaangen. An engem Opruff vun der Gemeng un déi betraffe Residenten heescht et: "Huelt nëmmen déi néidegst perséinlech Géigestänn mat. Denkt un Är Ausweisdokumenter an eventuell néideg Medikamenter."
Honnerte Pompjeeë goufen op d'Plaz geruff fir d'Feier ze bekämpfen, och Läschhelikopter sinn am Asaz. Donieft sinn och d'Arméi mat Panzeren an d'Police mat Waasserwerfer op der Plaz. Dem Landrat no géing d'Presenz vu Munitioun aus dem Zweete Weltkrich am Budem d'Läschaarbecht zousätzlech méi schwiereg maachen. Am Laf vun der Nuecht hätt et ëmmer nees geknuppt. Dat hätt en Impakt op d'Sécherheet vun de Pompjeeën op der Plaz.
Och zu Ottweiler hei vir am Saarland brennt et: Hei sinn 10 Hektar Bësch betraff, véier Pompjeeë si beim Asaz blesséiert ginn. Weider Feier ginn dann och nach am Krees Bernkastel-Wittlich an am Haarz gemellt.