Negociateure sti ferm ënner DrockGespréicher tëscht dem Iran an den USA zu Genf

Céline Eischen
Zu Genf koumen um Dënschdeg Vertrieder aus dem Iran an den USA beieneen, fir alt erëm iwwer een Enn vum iraneschen Atomprogramm ze diskutéieren.
De Konsulat vum Oman zu Genève virun de Gespréicher tëscht USA an Iran
De Konsulat vum Oman virun de Gespréicher tëscht USA an Iran.
© HAROLD CUNNINGHAM/AFP

Et ass eng ferm ugespaante Situatioun: No de Masseprotester an de leschte Wochen a Méint am Iran an dem brutale Virgoe vun den iraneschen Autoritéiten huet den amerikanesche President Trump schonn e puer Mol ugedeit, datt eng amerikanesch Militär-Interventioun duerchaus realistesch wier.

Virop gëtt am Atomsträit tëscht dem Iran an den USA verhandelt, dat zu Genf an der Ambassade vum Oman. Do kommen dann den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi a fir d’USA de Spezial-Emissär Steve Witkoff an dem Donald Trump säin Eedem Jared Kushner beieneen. Konkret wëllen d’USA verhënneren, datt am Iran Atomwaffe gebaut ginn. Den Nuklearprogramm soll limitéiert ginn. Dofir fuerdert Teheran awer, datt d’Wirtschaftssanktioune géint den Iran opgehuewe ginn.

En Dënschdeg schéngt et liicht Fortschrëtter ginn ze hunn: dräi Stonne laang gouf verhandelt a béid Säite solle sech bei de Grondprinzippien eens gi sinn. Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi sot, et hätt eng Eenegung iwwer ee “Saz vu fundamentale Prinzippie” ginn, déi de Wee fir een Accord kéinte preparéieren. Ma och wann hie gewëss Fortschrëtter géing gesinn, wier et nach laang keen Duerchbroch.

D’Negociateure stinn nawell zolidd ënner Drock

Déi amerikanesch Regierung huet ëmmer nees ugedeit, datt keen Deal Konsequenzen hätt. An dat weist sech aktuell doduerch, datt den US-Militär seng Presenz am Noen Oste mat Fliger-Träger an Truppe massiv verstäerkt huet. Wéi iranesch Staatsmedie mellen, hunn och déi iranesch Revolutiounsgarden ee Militärmanöver an der Mieresstrooss vun Hormus duerchgefouert. Dat, wéi si soen, fir sech op potenziell militäresch Menacen ze preparéieren.

Schonn an de fréien 2000er Jore war déi iranesch Atomwaffeproduktioun Thema: Geheimdéngschter haten deemools erausfonnt, datt den Iran Uran uräichert. Deemools gouf et zwar een Accord, mee den Atomprogramm war ëmmer nees an der Diskussioun.

Iranesch Atomwaffe sinn dann elo nees besonnesch wéinst de rezente Protester am Land an d’Aktualitéit gerutscht: Wéinst der ekonomesch schwiereger Situatioun am Land sinn ëmmer méi Iraner zanter Enn Dezember zejoert op d’Strooss gaangen, fir géint de Regimm zu Teheran ze protestéieren. D’Autoritéiten hu brutal reagéiert an op d’Demonstrante geschoss. Der iranescher Regierung no sinn iwwer 3.000 Leit ëm d’Liewe komm, Mënscherechtsorganisatioune schwätzen awer deels vu méi wéi 30.000 Affer. Rieds ass vum gréisste Massaker an der rezentster iranescher Geschicht.

Dës Situatioun huet de politesche Kontext natierlech verännert. Déi iranesch Autoritéite sinn international ferm kritiséiert ginn, d’USA hunn eng militäresch Interventioun net ausgeschloss. Dësen internationalen Drock huet déi iranesch Regierung wuel dozou verleet, nees méi gespréichsbereet ze sinn a sech Negociatiounen iwwer den Atomprogramm net ze verschléissen. Eventuell manner Wirtschaftssanktioune géifen och d’Situatioun am Iran entschäerfen a mat engem Deal kéint ee Krich evitéiert ginn.

Wéi realistesch ass een Accord?

Um Méindeg huet den US-President Donald Trump Journaliste gesot, datt sech d’Iraner wuel dem Drock bewosst wieren, fir een Accord ze fannen. Den US-President bléckt deemno zouversiichtlech op d’Gespréicher. Aus iranesche Kreesser heescht et, datt déi iranesch Säit mat éierlechen a konstruktive Proposen op Genf un den Negociatiounsdësch kënnt.

Back to Top
CIM LOGO