Partielle Succès fir MetaOplage fir Facebook Marketplace dierfen net esou streng sinn, wéi vun EU-Kommissioun gewollt

AFP, iwwersat vun RTL
Meta hat virum Geriicht vun der Europäescher Unioun géint d'Astufung vu Marketplace als "Gatekeeper" am "EU Digital Markets Act" geklot.
De Logo vu Meta
© AFP/Archiv/ALAIN JOCARD

D'US-Firma Meta, déi d'Internetplattforme Facebook an Instagram, grad ewéi de Messenger-Déngscht Whatsapp bedreift, huet am Sträit ëm déi méi streng Reguléierung vu groussen Internetplattforme an der EU eng Victoire verzeechent.

Konkret geet et ëm strikt Oplage fir grouss Technologie-Firmen, déi an der EU-Veruerdnung fir digital Déngschter, dem sougenannten "Digital Markets Act (DMA)" als sougenannt "Gatekeeper" genannt ginn. Dës Oplage solle verhënneren, dass dës Firme sech géigeniwwer aneren Ubidder en onfaire Virdeel verschafen, wouduerch beim Client qualitativ a präislech Nodeeler kéinten entstoen.

Nieft Meta ginn de Bedreiwer vu Google Alphabet, Amazon, Apple, Booking, Microsoft an den TikTok-Besëtzer Bytedance am DMA als "Gatekeeper" gelëscht. Ma d'EU wollt och Facebook Marketplace an de Facebook-Messenger jeeweils eenzel als "Gatekeeper" féieren. Dogéint huet Meta geklot a krut elo an éischter Instanz deelweis virum Gericht vun der Europäescher Unioun Recht.

D'Geriicht huet tranchéiert, dass Facebook Marketplace net dierf als "Gatekeeper" gefouert ginn. Am Urteel vum Geriicht heescht et, dass d'EU-Kommissioun bei senger Decisioun vergiess hätt, ze berécksiichtegen, dass Meta 2023 eng Partie Adaptatioune bei Marketplace gemaach huet, duerch déi eng Klasséierung als "Gatekeeper" hifälleg wier. D'Kommissioun hat dann och schonn am Abrëll zejoert annoncéiert, d'Astufung vu Marketplace ze annuléieren. Ma fir Meta géif d'Geriichtsurteel bedeiten, dass Marketplace nimools hätt dierfen als "Gatekeeper" klasséiert ginn, sou e Spriecher vun der Firma.

De Messenger vu Facebook dierf dogéint weiderhin als "Gatekeeper" gefouert ginn. Als Grond fir dës Decisioun nennt d'Geriicht vun der EU de Fait, dass dësen iwwer eng eegen Applikatioun funktionéiert, anescht wéi Marketplace, dat jo nëmme via d'Facebook-App erreechbar ass. Vu Meta huet et zu dëser Decisioun geheescht, dass ee seng Optioune fir e weidert Virgoe géing ofweien.

Back to Top
CIM LOGO