Luc Frieden um EU-Sommet"Europa huet aner Krisen iwwerstanen"

François Aulner
Fir de Lëtzebuerger Premier ass et awer aktuell nach ze fréi fir ze soen, ob een op d'Hausse vun Diesel a Bensinn misst reagéieren.
© JOHN THYS/AFP

“Krise"-Gespréicher um EU-Sommet / Reportage François Aulner

“Europa huet aner Krisen iwwerstanen”. Dat huet de Premier Luc Frieden no engem eegenen Aussoen no schwieregen an ustrengenden EU-Sommet deklaréiert. Och no der Hausse vum Diesel iwwer zwee Euro de Liter wier et awer nach ze fréi fir ze soen, ob Mesurë missten ënnerholl ginn. Lëtzebuerg wier op jidder Fall fir all Situatioune prett. Dat wier d’Flicht vun der Regierung, esou de Luc Frieden.

D’Wuert Kris ass gefall. Geopolitesch Kris. Ekonomesch gesinn net oder nach net. De Message vun der Regierung bleift lo Mol “keng Panik” an “et ass nach ze fréi”. An de Premier huet och drop higewisen, datt d’Regierung scho fir 150 Milliounen Euro d’Joer sech un d’Netzkäschte bedeelegt an d’Accisen um Sprit zu Lëtzebuerg méi niddreg sinn, ewéi an anere Länner. Dowéinst hätt ee manner Handlungsspillraum, mee de Premier huet ewéi virum Sommet nach emol verséchert, datt wann d’Kris dauert, sozial geziilt Mesurë kéimen.

Extrait Luc Frieden

Op EU-Niveau hätten d’Memberstaate gréng Luucht kritt, fir punktuell an zäitbegrenzt flexibel ze sinn, wa se hir Industrie wëllen ënnerstëtzen. D’EU-Kommissioun géing iwwerdeems fir den informelle Sommet op Zypern am Abrëll u weideren Mesurë schaffen fir d’Krise ofzefiederen oder Reegelen opzelackeren.

U Kris gewinnt?

Fir aus der Kris geléiert ze hunn a fir am Beschte präparéiert ze sinn, misst weider op erneierbar Energien an op Defense gesat ginn. Fir de Luc Frieden awer onbedéngt och op d’Kompetitivitéit, déi hie mat Wuelstand gläichgestallt huet. De Premier, Member vun der konservativer Partei an Europa, huet déi aner Parteien aus der Mëtt opgeruff, déi nei sougenannt Omnibus Gesetzer séier matzestëmmen.

Och Punkto eventuell Flüchtlingswelle wëllen d’EU-Staats- a Regierungscheffe bäigeléiert hunn an hunn op Demande vun der sozialdemokratescher dänescher Premierministesch dat an d’Conclusioune geschriwwen.

D’Ukrain wäert och de Kredit vu 90 Milliarden Euro iwwer zwee Joer kréien, och wann Ungarn weider blockéiert huet, esou de Premier. D’Pipeline, aus där den Orban gär säi russeschen Ueleg hätt, wier an e puer Woche gefléckt an de Blockage behuewen. Dat géing sech och vläicht mam Datum vun de Walen an Ungarn, den 12. Abrëll, iwwerschneiden.

Back to Top
CIM LOGO