EU-Sommet zu BréisselDem Luc Frieden säin Optimismus op der Prouf

François Aulner
Pierre Jans
Um EU-Sommet zu Bréissel wieren Ekonomie a Kompetitivitéit u sech Top op der Agenda gewiescht.
Dem Luc Frieden säin Optimismus op der Prouf
Um EU-Sommet zu Bréissel wieren Ekonomie a Kompetitivitéit u sech Top op der Agenda gewiescht.

Deem hunn den US-israelesche Krich géint den Iran an d’Energiekris e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. An dann och nees den 90 Milliarden Euro Prêt iwwer 2 Joer fir d’Ukrain, deen am Dezember gréng Luucht krut, mee elo nees vun Ungarn blockéiert gëtt mat der Ënnerstëtzung vun der Slowakei. Trotz all deem, huet de Premier Luc Frieden bei senger Arrivée an der belscher Haaptstad rëm säin Optimismus an d’Vitrine gestallt.

Hie seet bei bal all Occasioun, hie wier vu Natur Optimist. Och datt et gelénge wäert, den ungaresche Premier Viktor Orban z’iwwerzeegen säi Blockage opzeginn. Den Orban war ganz kloer an einfach: kee russesche Pëtrol aus der Pipeline an der Ukrain, keng Hëllef fir d’Ukrain. Déi sougenannt Druschka-Pipeline soll duerch eng russesch Attack beschiedegt gi sinn, mee den Orban werft dem ukrainesche President Zelensky vir, de Pëtrol bewosst zeréckzehalen, fir d’Walen an Ungarn den 12 Abrëll ze beaflossen.

Trotz Efforten vun der EU fir Ungarn z’iwwerzeegen – d’Propos Pëtrol aus Kroatien ze liwweren, d’Propos vun enger Inspektioun vun der Pipeline, trotz engem Video-Gespréich mam ukrainesche President Zelensky an trotz dem Optimismus vum Lëtzebuerger Premier - ass et net gelongen, den Orban z’iwwerzeegen. Hien ass bei sengem “Nee” bliwwen.

D’EU an d’Ukrain kënne lo d’Wahlen net ofwaarden - et ass souwisou net gewosst ob et dem Challenger Peter Magyar gelengt den Orban ze schloen a wa jo wat da geschitt. Dowéinst gëtt elo no anere Wéer gesicht ginn fir der Ukrain Hëllef ze ginn. Et géing Alternative ginn, esou d’EU Chefdiplomatin Kaja Kallas, déi awer net wollt soen wéi eng. De Luc Frieden sot et géing een egal ewéi Moyenen fannen fir der Ukrain kuerzfristeg ze hëllefen an et géing ee sech net vun «enger negativer Force» blockéiere loossen.

“Hoffen, datt dee Krich do net ze laang gëtt”

Wéi wann Ungarn an d’Ukrain net genuch Kappzerbrieches wieren, muss d’EU sech nach mam Krich am Iran beschäftegen, deen d’USA an Israel lassgetrëppelt hunn. Ma keen an der EU ass am Moment och bereet, iergendwéi um Krich am Iran bedeelegt ze ginn. De Luc Frieden gleeft net u Gewalt, mee un Diplomatie. Fir déi wier et ni ze spéit, sou nees en optimistesche Lëtzebuerger Premier, deen esouguer nach d’UNO erwäänt huet, déi zwar keng Léisung kéint bréngen, mee awer eng Plaz wier, wou geschwat géing ginn.

Lëtzebuerg ass wéi aner Länner iwwerdeems och komplett dogéint, fir russesch Energie nees an der EU zouzeloossen. Wann d’Energiepräisser weider héich bleiwen wäert d’Regierung sozial gezillt Mesuren huelen, hat de den Energieminister Lex Delles gesot. De Luc Frieden huet dat bei senger Arrivée um Sommet widderholl. Vu wéini un oder vu wéi engem Präis un d’Regierung handele wäert, huet hien op Nofro hin just geäntwert: wann d’Hausse “substantiell” ass. Wat elo nach net de Fall wier. An hie sot nach dat hei: «Mir hoffen, datt dee Krich hei net ze laang gëtt an domat och d’Weltpräisser sech wäerte stabiliséieren». Eng Rei Staats- a Regierungscheffe sinn do méi pessimistesch, dorënner den däitsche Kanzler Friederich Merz, dee sot, d’EU wäert nach méi laang mam Krich beschäftegt sinn.

Spuer- an Investitiounsunioun – Zouversiicht, wat d’Opsiicht ugeet

An de Premier war och nach ëmmer optimistesch, wat d’Fro vun der Opsiicht fir d’europäesch Spuer- an Investitiounsunioun ugeet, déi Lëtzebuerg gär op nationalem Niveau wéilt halen. Lëtzebuerg mécht zesumme mat Irland Widderstand géing eng supranational Opsiicht, déi Länner ewéi Frankräich wëllen. De Luc Frieden wier no engem Gespréich mam iresche Finanzminister zouversiichtlech, datt ee Weeër géing fannen.

D’Opsiicht wier awer souwisou just “e ganz klengen Deel vun där Thematik” a keen Thema haut, esou de Luc Frieden. Politico no kéint et bei enger Reunioun vun de Finanzministeren am Juni Conclusioune ginn a bis Enn des Joers eng Decisioun. Néideg ass eng qualifizéiert Majoritéit, also 15 Staaten, déi op d’mannst 65% vun der Populatioun an der EU representéieren.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO