Dir hutt et op der Pompel gemierkt: de Pëtrol ass wéinst dem Krich am Iran méi deier ginn. Dat selwecht gëllt fir de Gas a mat Retard warscheinlech och fir de Stroum.
An de Gros vun de Leit hei an Europa an eben och zu Lëtzebuerg wäre gezwongen, déi batter Pëll einfach ze schlécken an ze blechen. Dat wär net korrekt, huet den Deputéierten David Wagner en Dënschdeg an der Chamber beklot, wärend enger Aktualitéitsstonn, déi eben déi Lénk ugefrot haten. No deels hëtzegen Diskussiounen waren all d‘Parteien – bis op eng – sech eens, dass de Schlëssel déi erneierbar Energien sinn.
D‘Lëtzebuerger géifen an der Energiefal sëtzen, huet den David Wagner bedauert. 75 Prozent vum Energieverbrauch sinn nach aus fossiller Source. Vu 460.000 immatrikuléierten Gefierer wären der just 40.000 elektresch.
“Et geet net séier genuch viru mat der Transformatioun vun eisen Energiesystemer. Dofir si mir esou vulnerabel, wann d’Präisser klammen. Et hëlleft sécher net, dass déi aktuell Regierung keen Heel draus mécht, dass si beim Klimaschutz wëll spueren, obwuel déi aktuell Depense schonn hannen a vir net duerginn.”
Virop déi Gréng an d‘Sozialisten hunn dat selwecht argumentéiert. Ma den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet grad hinnen, mä och der CSV an der DP d‘Schold ginn un der Situatioun haut.
“Elo hu mir nees eng Kéier eng Kris an Dir stitt plakeg do mat ärer irrationaler Energiepolitik.”
D‘ADR plädéiert fir e Mix zu deem och déi ëmstridden Atomenergie géif gehéieren. Fir déi Ausso krut hie Kritik queesch duerch d’Bänken. All déi aner Parteien hu sech fir méi Investitiounen an erneierbar Energien ausgeschwat a géint Atom. De Jeff Boonen vun der CSV huet da betount, dass och soss wéineg Pëtrol de Wee aus dem elo blockéierten Hormus-Passage an Europa fënnt. Iwwerdeems sinn d‘Reserve voll. Kee Problem vu Quantitéit also, mä wéinst Spekulatioun um Marché.
“Mir sollen elo keng Panikreaktioun hei hunn. Mir sollen d‘Situatioun am Ae behale mat deene Modeller a Mechanismen, déi mir hunn. An da si mir optimistesch, dass mir duerch déi hei Kris wäerte kommen.”
D‘LSAP gesäit dogéint ewéi déi aner méi lénk Parteien eng grouss Urgence virop fir déi Leit, déi manner am Portmonni hunn. Dem Georges Engel no misst op d’mannst den Energie-Dësch mat de Sozialpartner direkt zesummekommen.
“A wann d‘Regierung dat net wëll, da muss si eng Tripartite zesummeruffen. Wéinst deene ville gläichzäitege Krisen: um Aarbechtsmarché, bei de groussen Employeuren, an der Stolindustrie an um Energiemarché. Wann dat keng Krisen sinn, wat muss dann nach geschéien?”
D’Carole Hartmann vun der DP huet dem Parteikolleeg an Energieminister Lex Delles schonn den Terrain preparéiert a betount, wéi vill d‘Regierung elo scho fir d’Leit géif maachen.
“Ech fannen et wierklech fundamental onéierlech, fir hei den absolutte Contraire ze behaapten. Zanter dësem Joer iwwerhëlt de Staat 150 Milliounen Euro, déi an de Stroumreseau investéiert ginn. Dës Mesuren ënnerstëtzt automatesch all Stot an all Betrib well et muss een se net ufroen. Et gëtt direkt op der Stroumrechnung applizéiert.”
Leit mat manner am Portmonni kruten d’Energieprimme verdräifacht, esou d’Deputéiert. Den Energieminister Lex Delles huet dovun ofgeroden, elo ze spekuléieren, wéi et weidergeet mat den Energiepräisser.
“Awer eppes kann ech iech garantéieren: Wann d‘Repercussioune weider unhalen, wäert d‘Regierung och sozial cibléiert Mesuren huelen, fir kënnen entgéint ze wierken an ze hëllefen.”
Dem Marc Goergen vun de Piraten huet ze bedenken ginn, dass den US-President Trump guer keen Interêt drun hätt, dass d’Präisser erofginn.
“Well mat 105 Dollar de Barrel kënnen d‘USA vill Sueverdéngen. Iwwregens Russland och. Dat ass ee vun deene krassten Nodeeler vun dëser Situatioun. Déi russesch Krichskeess gëtt duerch déi ganz Situatioun erëm gefiddert, wat awer guer net am Interêt vun der EU a vu Lëtzebuerg ka sinn.”
Och nach en Aspekt, deen déi däreg Situatioun net manner komplex mécht.