
2022 huet den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn vun zwou op dräi Spueren op béide Säiten ugefaangen.
Zanter Mäerz 2025 kann ee mëttlerweil tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem a béiden Direktiounen op dräi Spuere fueren. Déi drëtt Spuer ass fir de Covoiturage virgesinn. An anere Wierder: dës Spuer däerf ee benotzen, wa wéinstens zwou Persounen am Auto sëtzen. Enn Oktober 2025 goufe Radaren installéiert, fir dëse Covoiturage ze kontrolléieren. Zanter dem 1. Dezember 2025 funktionéieren des Apparater och. Allerdéngs an der Testphas.
Wei et vu Ponts et chaussées heescht, wär dës Phas nach net ofgeschloss. Dës zwee Radaren, déi déi zwou Säite vun der Diddelenger A3 am A behalen, blëtzen zwar, Repercussioune ginn et awer aktuell nach keng fir d'Chaufferen.
Aktuell steet den Hierscht 2026 am Raum, fir d'Radare "schaarf" ze stellen. Dësen Datum ass ofhängeg vun de CITA-Portiquen. Dëst ass déi dynamesch Beschëlderung op der Autobunn. Als Erklärung, firwat d'Radaren nach ëmmer an der Testphas sinn, gi Retarde mat dëse Panneauen uginn.
Den Automobilisten, déi reegelméisseg iwwer d'Diddelenger Autobunn fueren, fält sécherlech op, dat nach dacks déi drëtt Spuer vu Leit benotzt gëtt, déi eleng am Auto sëtzen.
Aktuell lafe gréisser Aarbechten op der Héicht vu Léiweng a béide Richtungen. Ronn 4 Kilometer laang ass d'Diddelenger Autobunn. Bei der Stroossebauverwaltung geet een dovunner aus, dass 2030 d'Extensioun vun zwou op dräi Spueren iwwert déi ganz Längt vun der A3 fäerdeg ass.
Op ronn 356 Milliounen Euro belafe sech d'Käschte vun den Ausbauaarbechten op der Diddelenger Autobunn.