
An der Europäescher Unioun gëllen zanter en Dënschdeg nei Reegelen am Ëmgang mat Verpackungen a Verpackungsoffall. D'Zil: manner Offall, méi Recycling an eng méi nohalteg Verpackungsindustrie.
De Besoin ass grouss: 2023 huet all Mënsch an Europa am Duerchschnëtt 178 Kilo Verpackungsoffall produzéiert. Ouni Géigemoossname kéint d'Quantitéit bis 2030 nach emol däitlech klammen.
Eng éischt wichteg Ännerung gëllt elo fir Verpackungen, déi mat Liewensmëttel a Kontakt kommen. Fir déi sougenannte PFAS gëllen elo méi streng Grenzwäerter. Domat sollen d'Konsumenten an d'Ëmwelt besser geschützt ginn. Bis 2029 mussen all EU-Länner e Pfand- a Retoure-System fir déi meescht Plastiksfläschen an Dousen aféieren, sou wéi dat an Däitschland och scho laang de Fall ass. A méi grousse Restauranten a Caféë musse vun 2028 un zum Beispill Kaffisbecheren ugebueden ginn, déi ee méi wéi eemol benotze kann (Mehrweg). Déi däerfen net méi kaschte wéi d’Einweg-Alternativ.
Vun 2030 sollen och kleng Plastikstitercher fir Zocker, Salz, Ketchup oder Mayonnaise an de Restauranten net méi ugebuede ginn. Vun deem Joer u gëllen dann och méi streng Reegelen, fir datt all Verpackung recycléierbar ass.
D'EU-Kommissioun gesäit déi nei Reegelen als wichtege Schratt a Richtung Kreeslafwirtschaft. De Volume un Offall soll reduzéiert, de Recycling erhéicht an d'Ofhängegkeet vun neie Réistoffer verréngert ginn.