
En Donneschdeg geet zu Genf an der Schwäiz déi drëtt Ronn vun den aktuelle Verhandlungen tëscht den USA an dem Iran iwwer den iraneschen Nuklearprogramm un. Ma wéi warscheinlech ass et, dass et zu engem Accord kënnt? Virun zéng an engem hallwe Joer ass et mam “Joint Comprehensive Plan of Action” (JCPOA) jo schonn eng Kéier gelongen, sech op e groussen internationalen Accord iwwer den iraneschen Atomprogramm ze eenegen. Allerdéngs gouf deemools ënner ganz anere Konditioune verhandelt, ewéi dat aktuell de Fall ass. Ma ënnert wéi engen Ëmstänn gëtt den Ament negociéiert a wat ass de Stand vun den Negociatioune virun der drëtter Gespréichsronn?
Déi aktuell, indirekt Verhandlungen tëscht den USA an dem Iran hunn de 6. Februar ënner Vermëttlung vum Oman ugefaangen. No engem éischten Austausch vun de jeeweilege Positiounen iwwer d’Uran-Uräicherung an d’Sanktiounen hu béid Säite sech drop gëeenegt, d’Gespréicher weiderzeféieren.
Am Virfeld vun der zweeter Gespréichsronn zu Genf huet den Iran de Medie géigeniwwer en Ophiewe vun den existéierende Sanktiounen als Viraussetzung fir en neit Ofkommes als Fuerderung an de Raum gestallt. Iwwerdeems hunn den iraneschen Ausseminister Araghtschi an den Direkter vun der Internationaler Agence fir Atomenergie (IAEA), de Rafael Grossi sech zu Genf gesinn. Bei der Entrevue tëscht deenen zwee wier et internationale Medien no ëm technesch Aspekter vum iraneschen Nuklearprogramm an ëm Inspektioune gaangen. Bei den Negociatioune selwer soll d’IAEA virun allem Informatiounen iwwer technesch Froen, wéi den Niveau vun der Uran-Uräicherung oder Standarde bei der Transparenz vun Atomprogrammer liwweren.
Déi zweet Gespréichsronn war schliisslech de 17. Februar zu Genf an der Schwäiz. Déi iranesch Delegatioun gëtt vum Ausseminister Abbas Araghtschi ugefouert. Op amerikanescher Säit hunn de Steve Witkoff an den Jared Kushner de Lead. Et wier ee sech iwwer d’allgemeng Prinzippie fir e méiglechen Accord eens ginn, huet et vu béide Säite geheescht, en Duerchbroch gouf et awer net. Dat läit wuel och un de Roude Linnen, mat deene béid Säiten an d’Gespréicher gaange sinn.
An dëst direkt an e puer Aspekter. Do wier virop de Punkt vun der Uran-Uräicherung. Wärend den Accord vun 2015 nach d’Uräicherung fir zivil Zwecker erlaabt huet, fuerderen d’USA den Ament, dass guer keen Uran méi am Iran ugeräichert gëtt. Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghchi huet allerdéngs an engem Interview mam US-Fernseesender CBS ënnerstrach, dass den Iran op kee Fall op eng eegen Uräicherung wäert verzichten. Ausserdeem hätt een ënnert dem NPT-Vertrag e Recht op eng friddlech Notzung vun der Atomenergie.
Et hätt ee sech d’Fäegkeet, Uran unzeräicheren, trotz internationale Sanktiounen haart erkämpft an et géif een elo doru festhalen.
Donieft wëllen d’USA en Ofkommes ofschléissen, dat en däitlech méi groussen Ëmfang huet, ewéi just den iraneschen Nuklearprogramm. Aus der Siicht vu Washington sollen och den iranesche Rakéiteprogramm limitéiert an dat iranescht Virgoen an der Regioun - notamment d’Ënnerstëtzung vun der Hisbollah an der Hamas - op de Leescht geholl ginn. Den Iran wëll awer nëmmen iwwer den Nuklearprogramm selwer negociéieren.
2015 war d’Situatioun am Noen Osten an an der Golfregioun am Verglach mat der aktueller verhältnisméisseg stabil. Ausserdeem hunn d’USA, Groussbritannien, Frankräich, Russland, China an Däitschland op der enger an den Iran op der anerer Säit direkt matenee verhandelt.
Aktuell verhandelen nëmmen d’USA an den Iran mateneen an dat och net direkt, mä nëmmen ënner Vermëttlung duerch den Oman. Ausserdeem sinn d’Spannungen tëscht den USA an dem Iran däitlech méi staark, ewéi nach viru bal eelef Joer. Net nëmmen huet Israel mat US-Ënnerstëtzung am Juni zejoert wärend zwielef Deeg e Krich géint den Iran gefouert, mä d’USA hunn hir Militärpresenz an der Regioun zanter Dezember 2025 massiv ausgebaut. Nieft dem Flugzeugträger “USS Abraham Lincoln”, dee schonn an der Regioun ass, soll sech och d’"USS Gerald Ford” um Wee dohi befannen. Donieft solle sech aktuell op d’mannst 15 Schëffer vun der Kategorie “Zerstéierer” an der Regioun ophalen. Weiderhi goufe bannent kuerzer Zäit iwwer 120 Militärfligeren an d’Golfregioun verluecht, esou vill ewéi zanter dem Irakkrich am Joer 2003 net méi. Donieft goufen zousätzlech Eenheete vu “Patriot-" an “THAAD-" Rakéitesystemer op d’US-Militärbasen an de Golflänner ronderëm den Irak bruecht.
Net nëmmen déi international Situatioun huet sech am Verglach zu 2015 däitlech verschäerft. Och d’innepolitesch Situatioun am Iran ass däitlech méi ugespaant. Rezent koum et am Iran zu massive Protester géint de Mullah-Regimm. Dës goufen zwar bluddeg niddergeschloen, ma d’Kris ass nach net eriwwer. Dat, well hir grondleeënd Ursaachen nach ëmmer present sinn: Den Iran befënnt sech aktuell an enger schwéierer Wirtschaftskris, déi sech duerch eng staark Inflatioun an eng enorm Onstabilitéit vun de Präisser auszeechent.
Virun de Gespréicher en Donneschdeg gouf et vun iranescher Säit verhale Signaler vun Optimismus. Den iranesche President Massud Peseschkian huet op X geschriwwen, dass een no de rezente Gespréicher Signaler wouergeholl hätt, déi Mutt géinge maachen. Hien huet awer och gewarnt, dass Teheran d’Verhale vun den USA genee géing beobachten a sech op all méiglechen Zenario preparéiert hätt.
Änlech Téin gouf et och vum iraneschen Ausseminister Araghtschi a sengem Interview mat CBS. Et wier een an enger gudder Positioun, fir sech selwer ze verdeedegen. Et hätt ee sech wärend dem Zwielef-Deeg-Krich zejoert verdeedegt an et wier ee preparéiert, fir dat nach eng Kéier ze maachen, sollt et néideg sinn. Gläichzäiteg sot hien, dass d’Diplomatie den eenzege Wee wier, fir eng Léisung hisiichtlech engem friddlechen iraneschen Nuklearprogramm ze fannen. Eng diplomatesch Léisung, déi och kéint besser sinn, wéi den JCOPA vun 2015, wier zum Gräifen no. A wéi enger Form dëse méiglechen Accord besser wier, ewéi dee vun 2015, huet hien awer net gesot.
Op amerikanescher Säit huet een an de leschten Deeg éischter frustréiert Téin héieren. An engem Interview mat der Tëleeschaîne Fox News sot de Steve Witkoff leschte Samschdeg, dass den Donald Trump sech géing froen, firwat déi iranesch Säit nach net “kapituléiert” an déi amerikanesch Positioun akzeptéiert hätt. Den US-President selwer ass dann och a senger Ried zur Lag vun der Natioun en Dënschdegowend am Kapitol zu Washington DC op déi aktuell Negociatiounen agaangen.
Iranesch Rakéite kéinten elo schonn Europa an d’US-Basen an der Golfregioun erreechen an de Regime zu Teheran géif aktuell u Rakéite schaffen, déi d’USA selwer kéinten erreechen. No der Attack vum Juni zejoert hätt een de Mullah-Regimm gewarnt: Den Iran sollt net méi versichen, säi Waffeprogramm opzebauen a virun allem sollt en net méi duerno striewen, Nuklearwaffen ze bauen. Trotzdeem géif den Iran aktuell nees versichen, esou Waffen ze produzéieren. Et géif ee sech aktuell a Verhandlunge befannen. Ma et misst ee vun iranescher Säit d’Wieder “Mir wäerten ni eng Nuklearwaff hunn” héieren. Seng Präferenz wier eng diplomatesch Léisung vun dësem Probleem, ma hie wäert et dem weltwäit gréisste Sponsor vum Terrorismus op der Welt ni erlaben, eng Nuklearwaff ze hunn, sou den Donald Trump.