Dat huet d’Police vun Tréier e Mëttwochnomëtteg matgedeelt. Weider heescht et vun der Tréierer Police, dass iwwer 300 vun den eegene Beamten am Asaz waren, fir d’Situatioun opzeléisen. Si hätten Ënnerstëtzung vun der Police vu Koblenz a vum “Polizeipräsidium Einsatz, Logistik, Technik”, deen ënner anerem aus der Spezialeenheet an der Helikopter-Staffel besteet, kritt. Donieft hätt een och Hëllef vun der Bundespolizei, der Lëtzebuerger Police, der Police Saarland a vu Beamte vun der Basis vun der amerikanescher Air Force zu Spangdahlem kritt.
En Dënschdeg hat e 25 Joer ale Mann an engem Dokteschcabinet zu Prüm randaléiert. Wéi d’Beamte vun der Police op d’Plaz komm sinn, war de Mann net méi am Cabinet. Si konnten hien awer kuerz drop en der Géigend, am “Kurpark” untreffen.
Wéi d’Beamten de Mann, deen der Police bekannt ass, ugeschwat hunn, huet hien net reagéiert. Wärend enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht dem Mann an de Beamte konnt de Verdächtegen dunn eng Déngschtwaff aus dem Holster rappen. Doropshi sinn e puer Schëss gefall, woubäi enger Beamtin an den Uewerschenkel geschoss gouf. De Verdächtegen huet sech dono a Richtung Bësch duerch d’Bascht gemaach.
De 25 Joer ale Mann gouf schliisslech fonnt an huet sech, ouni Widderstand ze leeschte, vun de Beamte festhuele gelooss.