No de Schëss zu Prüm, bei deenen eng Beamtin vun engem 25 Joer ale Verdächtegen ugeschoss gouf, huet d’Police méi Detailer zum Asaz matgedeelt. Deemno war eng Patrull vun der Police-Inspektioun Prüm wéinst engem Mann, deen an engem Dokteschcabinet zu Prüm randaléiere géing, geruff ginn. Wéi d’Beamten op der Plaz ukomm waren, war de Verdächtegen zwar net méi am Cabinet, konnt awer am “Kurpark” an der Géigend vu Polizisten ugetraff ginn.
Wéi d’Beamten de Mann, deen der Police bekannt ass, ugeschwat hunn, huet hien net reagéiert. Wärend enger kierperlecher Ausernanersetzung tëscht dem Mann an de Beamte konnt de Verdächtegen dunn eng Déngschtwaff aus dem Holster rappen. Doropshi sinn e puer Schëss gefall, woubäi enger Beamtin an den Uewerschenkel geschoss gouf. De Verdächtegen huet sech dono a Richtung Bësch duerch d’Bascht gemaach. D’Polizistin koum an d’Spidol. Si wier och schonn operéiert an net a Liewensgefor, wéi et an der Meldung vun der Police en Dënschdeg den Owend heescht.
De 25 Joer ale presuméierten Täter konnt am Kader vun der Sich vu Polizisten ouni Widderstand festgeholl ginn. D’Waff gouf net wäit vum “Kurpark” ewech fonnt a séchergestallt.
Den Ament lafen d’Ermëttlungen zum Hannergrond vun der Dot an d’Hiweiser, déi d’Police krut, ginn iwwerpréift. Wie soss Hiweiser zum Virfall huet, ass gebieden, sech bei der Tréierer Police ënnert der Nummer +49 651 983 44390 ze mellen.