Invité vun der Redaktioun SPEZIAL (26. Januar) - Christophe Bumb an David MarquesUS-Aussepolitik: Et kann ee sech net méi op dee groussen Alliéierte verloossen

Annick Goerens
En Méindeg de Moien hu mer am "Invité vun der Redaktioun SPEZIAL" ënner anerem op d'Auswierkunge vun der aktueller Politik vun den USA gebléckt.
Invité vun der Redaktioun Spezial: Christophe Bumb an David Marques
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Venezuela, Grönland, Iran: déi international Aktualitéit stoung e Méindegmoien um Agenda vun eiser Emissioun Invité vun der Redaktioun SPEZIAL. Invitéiert waren d’Journaliste Christophe Bumb vu Reporter an den David Marques vum Quotidien.

Am Dossier vum suspendéierte Chirurg: Don’t shoot the messenger, also d’Medien

Ganz am Ufank gouf awer iwwer d’Affär vum suspendéierte Chirurg aus den Hôpitaux Robert Schuman geschwat. D’Doktesch an Zänndokteschassociatioun AMMD hat ferm Kritik un de Medie geäussert. Hire Confrère géing ëffentlech higeriicht ginn. Et wier “lynchage médiatique”. Den David Marques erkläert, dass et eng gewësse Konstanz géing ginn: Allkéiers wann d’Press hir Aarbecht mécht, kritesch Dossieren opschafft a Saache reveléiert, da géingen d’Medie Reprochë gemaach kréien. Och rezent beim Dossier vum Georges Mischo wier d’Press mat Schold gewiescht an net den Ex-Minister fir seng eege Feeler. Och de Christophe Bumb seet “Don’t shoot the messenger”. D’Medie géingen déi Saache jo och net erfannen. An et wier och absurd vu “lynchage médiatique” ze schwätzen, well bis e Méindeg de Moien néierens den Numm genannt gouf.

Interventionistesch Politik vun den USA ass net nei

Den Trump ass just ee Joer un der Muecht, mee et fillt sech definitiv méi laang un, seet de Christophe Bumb. Et wier esouvill geschitt an hien hätt den Androck, dass et endlech bei all den anere groussen Acteuren am Westen, dorënner der EU, ukomm wier, dass de grousse vertrauenswierdegen a fiabelen Alliéierten allerspéitstens elo ewech fält.

Et wier méintelaang a wochelaang verbal opgerëscht gi bis hin zur Interventioun. Am Venezuela wier ee ganz änlech virgaange wéi am Irak: Zwee Diktatoren, déi ze stierze wieren, aus nationale Sécherheetsgrënn. A béide Fäll wier d’Interventioun duerch d’Behaaptung vun enger Menace legitiméiert ginn. Am Irak wieren et d’Massevernichtungswaffen an a Venezuela de Fentanyl-Transit gewiescht, seet den David Marques.

Op alle Fall misst een drun erënneren, dass dat Deel vun der amerikanescher, interventionistescher Politik wier. Dës Kommando-Aktioun a Venezuela wier ze vergläiche mat der Operatioun “Osama Bin Laden”. Op der anerer Säit wier et een anert Phänomen, méi “hemmungslos”, well d’USA emol net géinge sou maache wéi wa se iergendee legitimmen Usproch géife verdeedegen, dee konform wier mam internationale Recht, seet de Christophe Bumb vu Reporter. De Virdeel wier, dass Europa elo wéisst, wou et drun ass. Wat et awer geféierlech mécht, ass dass et keng Verlässlechkeet gëtt. Moies seet den Trump dat engt a mëttes dat anert. “Ech mengen, et gëtt bal näischt méi Schwéieres oder Geféierleches an der Weltpolitik wéi Onsécherheet, Onverlässlechkeet.”

Den David Marques fënnt, dass een dem Trump säi Virgoen eigentlech net mat viregten US-Presidente kéint vergläichen. “Jo, kloer a fréier Administratiounen a fréier Presidenten hunn och déi méi interventionistesch Politik gewielt, ëmmer vu Regime-Change geschwat, fir déi Länner aus Diktaturen oder anere Regimmer an d’Demokratie ze zéien. Wat hei elo festzestellen ass, wat nei ass, ass dass den Donald Trump net verstoppt huet, dass et elo net ëm dee Changement de régime geet, mee dass et wierklech fir de Pëtrol ass, also wierklech déi ekonomesch Interêten. A wat och elo an dësem Fall anescht ass, dass jo kee Changement de régime komm ass.”

Grönland: Ass deen Dossier elo vum Dësch oder entschäerft?

Et dierft ee sech vum Trump sengen Aussoen och net verréckt maache loossen, fënnt de Christoph Bumb. Amplaz dem Trump seng Ried um Weltwirtschaftsforum zu Davos ze lauschteren, hätt ee besser dru gedoen, dem kanadesche Premier Mark Carney nozelauschteren. Deen hätt ebe grad gesot, dass een net méi soll kleng bäiginn. Déi Weltuerdnung ënnert där all d’Staaten déi lescht Joerzéngte gelieft hätten, wier vun den USA konzipéiert a kontrolléiert ginn an do hannendrun hätten och d’Europäer sech verstoppt. An de kanadesche Premier sot, dass ee letztendlech gewosst hätt, dass een Deel vun där Weltuerdnung net ganz richteg, éierlech a legitim war, well se drop baséiert war, dass d’USA soen, wat richteg a falsch ass. Mee souguer wann ee sech kleng hält, wier een elo net méi sécher. Dofir misst een eppes änneren. Kanada géing dofir versichen, mat China Handelsaccorden ze fannen. An duerch d’NATO wiere si och Alliéierte vun der EU. Egal wéi wieren d’USA elo net e Feind, mee et kéint ee sech net op si verloossen, erkläert de Christophe Bumb.

Den Dossier wier elo och nach sécher net entschäerft, seet den David Marques vum Quotidien. Et hätt een zwar e Kader-Accord fonnt, mee e puer Stonnen drop hätt den Trump jo nees e KI-generéiert Bild gepost, wou hie mat engem Pinguin do spadséiert. “Am Wëssen, dass jo keng Pinguinen an der Arktis uewen am Norde liewen. Klammer op, Klammer zou. Voilà, et weess een net.”

Den Iran an d’innepolitesch Situatioun an den USA waren e Méindeg de Moien och Sujeten an eiser Emissioun. Déi komplett Emissioun kënnt Dir hei lauschteren.

Christophe Bumb vum “Reporter” an den David Marques vum “Quotidien” waren zu Besuch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO