
D’Kanner vum Romy Walthall hunn den Doud vun hirer Mamm iwwert déi sozial Medie bestätegt.
Wéi d’US-Internetsäit “variety.com” schreift, soll déi 57 Joer al Schauspillerin un engem plëtzlechen Häerzstëllstand gestuerwe sinn. Offiziellt bestätegt gouf dat bis ewell awer nach net.
D’Romy Walthall huet a ville Filmer matgespillt. Ënnert anerem am Film “Im Körper des Feindes” mam Nicolas Cage an dem John Travolta.