Stroosse-FotografenExpo vum Christian Kieffer a Luis Carlos Ayala am Schlass vu Buerglënster
Zwee Stroosse-Fotografen, een hei zu Lëtzebuerg an een a Kolumbien. Hir Opname kann een de Moment hei am Land op enger Fotoausstellung bewonneren.
Stroosse-Fotografen
Zwee Stroosse-Fotografen, een hei zu Lëtzebuerg an een a Kolumbien. Hir Opname kann een de Moment hei am Land op enger Fotoausstellung bewonneren.
De Christian Kieffer, fréieren Enquêteur bei der Police Judiciaire huet seng Waff géint e Fotoapparat getosch. Haut schéisst hie Momenter, Portraite vu Leit op der Strooss.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
A Kolumbien ass de Luis Carlos Ayala. Hien ass Fotoreporter an denoncéiert mat sengen Fotoen Ongerechtegkeeten, déi do passéieren. Hie setzt sech mat sengem Fotoapparat an fir ethnesch Minoritéiten, déi do ënnerdréckt ginn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Allebéid si se Zeie vum Liewen op der Strooss an allebéid stelle si de Moment am Schlass vu Buerglënster aus. En Evenement organiséiert vum Kollektif “KA”, déi do fir 3 Joer Residenz hunn.