Réckbléck op 2020 mam Kënschtler SumoEt war keen einfacht Joer, ma de Sumo hat Chance matten an der Kris

RTL Lëtzebuerg
Et war e geheime Projet, een dee souwuel fir de Kënschtler wéi och d'Fluchgesellschaft selwer e Liichtbléck an enger däischterer Zäit war.
Réckbléck op 2020 mam Kënschtler Sumo
Et war e geheime Projet, een dee souwuel fir de Kënschtler wéi och d’Fluchgesellschaft selwer e Liichtbléck an enger däischterer Zäit war.

Virun engem Joer kruten 2 Maschinnen vun der Luxair den extravagante StreetArt-Look vum Kënschtler Sumo! D’Boeing an d’De Havilland, déi entretemps net nëmmen vun de Spotter, also de Fans vun der Aviatioun x-mol geknipst goufen, bleiwen och nach e bëssen an hirem coole Kleed aus XXL-Autocollanten.

D’Fligere waren nawell bis elo dem Sumo säi gréisste Projet, dee bis haut weltwäit opfält an deementspriechend fir gudde Feedback suergt - fir d’Airline an de Kënschtler, fir deen et bis haut eng Éier ass, datt dës “Toile” ronderëm d’Welt flitt. Et war dem Streetartist awer och wichteg, datt hie sech dobäi trei blouf an et keng Publicitairs-Optragsaarbecht, fir Promo ze maachen, war, mä eng Collaboratioun, wou hie fräi war, säi bonten Univers op de Fliger ze bréngen.

Am Reportage blécke mir mam Sumo op dës fir hie grouss Chance matten am Ufank vun der Pandemie zréck, a ginn och gewuer, datt et nawell an dësen Zäiten och fir hien en Challenge war, iwwert d’Ronnen ze kommen. 2020 war keen einfacht Joer, an d’Konschtzeen hat an huet et bekanntlech nach ëmmer schwéier. Mat der sanitärer Kris war Flexibilitéit gefrot, de Sumo huet versicht, dat Bescht draus ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO