
Den nächste Salon vum “Cercle Artistique de Luxembourg”, kuerz Cal, gëtt vum 31. Oktober bis de 14. Mäerz am Tramsschapp um Lampertsbierg organiséiert. Dës Ausstellung mat zäitgenëssescher Konscht bitt all Joer e gudden Iwwerbléck iwwer dat aktuellt kënschtlerescht Schaffen hei zu Lëtzebuerg. Verschidden Techniken a Stréimungen fënnt een hei niefteneen.
Invitéiert gi Lëtzebuerger Kënschtler oder auslännesch Artisten, déi zu Lëtzebuerg liewen. De Cal lancéiert elo en Appell fir d’Editioun 2021. Interesséierter kënnen hir Kandidatur online bis de 25. August ofginn. Dräi aktuell Wierker, déi nach néierens gewise goufen, gi fir d’Expo gebraucht. Eng Jury mécht de Choix.