"Europe - la Bataille des sièges" heescht den neie Film vum Donato Rotunno. D'Iddi war, e Film iwwer Europa ze maachen, op eng aner Manéier, manner didaktesch an dréchen, sot de Realisateur dem Claudia Kollwelter am Interview.
Wéi kann een d'Geschicht vun Europa erzielen, op eng nei Aart a Weis? Eng Zort Thriller, schwaarz-wäiss Biller an Jazz-Musek, dat waren d'Elementer, déi dem Donato Rotunno am Ufank vum Projet an de Kapp komm sinn. An d'Musek war dunn och den Ausgangspunkt:
"Dunn hunn ech un de Pascal Schumacher geduecht an him ugeruff. Ech sot: 'Pascal, ech hunn hei eng ganz komesch Iddi, mir fänke mat der Musek un. Ech hunn nach näischt gedréint. Ech weess nach guer net, wou et higeet. Komm mir fänken un a mir treffen eis a mir schwätzen iwwert de Projet. An da kucke mer, dass mer eis dräi Deeg an engem Studio, dass mer do zesummekomme mat Museker an iergendwéi ee musikaleschen Universum kréien.' An esou ass et lassgaangen."
An der Musek huet de Realisateur dat gespuert wat e spéider am Film ziele wollt:
"Domadder hunn ech dann ugefaangen, d'Archivbilder ze kucken, 40 bis 70 Stonnen Archivmaterial, d'Protagonisten ze identifizéieren an den Archivbilder ze kucken, wat d'Protagonisten iwwer 50 Joer, 20 Joer, 30 Joer gesot hunn oder net gesot hunn, an iergendwéi eng Struktur ze sichen, déi mer erlaabt dann tëschent Interview, Archivmaterial, e bësse méi politesch, poeetesch Momenter ze wiesselen."
D'Konstruktioun vun Europa an d'Emplacementer vun den Institutiounen stinn am Fokus an domat dräi Stied, Lëtzebuerg, Bréissel a Stroossbuerg. De Choix vun den Interviewpartner ass deemno och bedéngt duerch d'Stied:
"D'Evidenz war natierlech Catherine Trautmann. Et ass eng ganz staark Fra. Et huet zwanzeg Joer laang alles fir Stroossbuerg gemaach, d'Parlament wierklech dohinner bruecht, opgebaut, alles gemaach, fir dass d'Politescht do iwwerliewe kéint. An et ass virun zwee Méint erëmgewielt ginn. Et ass rëm Buergermeeschterin vu Stroossbuerg ginn."
Schwätzt een iwwer Europa kënnt een och net laanscht de Jean-Claude Juncker. Och de Charles Goerens an d'Colette Flesch goufen interviewt:
"Mir haten d'Chance, dass mer mam Colette Flesch natierlech nach déi Zäit haten an d'Zäit fonnt hunn, fir ganz schéin intim Momenter ze deelen, och natierlech eng ganz staark Fra, wat eng wichteg Roll fir Lëtzebuerg gespillt huet. Ech mengen, ouni d'Colette an anerer, wär vläicht Lëtzebuerg mol guer net esou wichteg gewiescht an der europäescher Konstruktioun."
Eng Kombi deemno aus Interviewen, Archivbiller Jazzmusek an der Architektur vun den europäeschen Institutiounen. De Film leeft iwwregens vum 13. Mee un an de Kinoen am Land. An e Samschdeg gouf en um Europadag och a Form vun engem Ciné-Concert an der Philharmonie gewisen mat live Musek vum Pascal Schumacher an dem Singülar Orchestra.