
Zil vum Festival “Kultur inklusiv” ass et, d'Inclusioun an der Kultur ze fërderen, méi siichtbar ze maachen a verschidden Acteuren aus der Zeen besser mateneen ze vernetzen. Dat natierlech fir all Bedeelegt ouni Barriären. Haaptsächlech riicht sech dëse Festival u Mënsche mat enger geeschteger oder kierperlecher Behënnerung, ass awer fir jiddereen, dee sech fir Kultur interesséiert, op.
Mam Festival wéilt ee weisen, wéi déi aktuell Situatioun ass, wéi eng Méiglechkeeten et fir Persoune mat enger Aschränkung an der Kultur zu Lëtzebuerg gëtt, an de Wee zu enger kreativer Karriär vereinfachen. Dofir ginn et fir all Evenement behënnertegerecht Infrastrukturen, Hëllefsmëttele fir d'Verständnis vun de Virstellungen, esou wéi eng Kommunikatioun an einfacher Sprooch.
Den Optakt mécht e Mëttwoch um 17 Auer eng Gespréichsronn iwwer d'Professionaliséierung an den Zougang zur Kultur vu Kënschtlerinnen a Kënschtler mat enger Beanträchtegung, un där och de Kulturminister Eric Thill an den Aarbechtsminister Marc Spautz deelhuelen. Zousätzlech ginn et e Kaderprogramm vum Kollektiv DADOFONIC a Sensibiliséierungsinitiative vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung, "Op der Schock" an der Fondatioun Kräizbierg.
De Rescht vum Mount geet de Programm interaktiv weider mat ënnerschiddleche Virstellungen an och Theater-Workshoppen. D'Begleetpersounen hu fir all d'Virstellunge vum Festival fräien Entrée. De ganze Programm an eng Broschür an einfacher Sprooch fannt Dir HEI.