D’Wetten si kloer, op den éischte Bléck op d’mannst. Lëtzebuerg packt et net an d’Finall.
Ma dat haten d’Wettbüroe och fir déi Belsch Kandidatin virausgesot. Si huet et awer an d'Finall gepackt. Bei den néng anere Kandidaten déi et an d’Finall gepackt hunn, loungen d’Prognose richteg.
No der grousser Comeback-Euphorie vun 2024 ass d’Participatioun mam Eva Marija schonn déi drëtt an der neier Ära. Dëse Wow-Effekt ass fort, de Bonus quasi opgebraucht.
“Mir sinn effektiv bei de Prognosen net an deene véier, fënnef Favoritten […] mir sinn iergendwou an der Mëtt.“Elisabeth Conter, Lëtzebuerger Head of Delegation
Déi éischt Halleffinall huet et gewisen, dass mat der Belsch och ee Song de Sprong an d’Finall gepackt huet, deem seng Chancen am Virfeld net als esou grouss virausgesot goufen. "Iwwerraschunge gëtt et souwisou ëmmer", seet d’Elisabeth Conter.
Nei ass dëst Joer, dass d'Juryen och an der Halleffinall schonn e Wuert matschwätzen, dat ka Lëtzebuerg an d'Kaarte spillen.
D’Eurovisioun lieft och vun de klenge Geschichten. A villäicht geléngt dem Eva Marija nach eng Fairytale. Ënnerstëtz gëtt si vum ESC-Gewënner Alexander Rybak. Mam Song "Fairytale" huet hien 2009 gewonnen. An engem Insta-Post huet hie "Mother Nature“ vum Eva Marija op seng Manéier nei interpretéiert. Lauschtert selwer.
Zwee Lidder, déi op den éischte Bléck net vill gemeinsam hunn, an dach duerch eppes verbonne sinn: d’Gei. Dee Klang, e Gefill dat transportéiert gëtt a bleift.
Et ass genau dee Sound, mat deem de Alexander Rybak deemools d’Fans an d’Jury iwwerzeegt huet. An elo, Joren dono, weist hien op eng Kënschtlerin, déi och mat där selwechter Emotioun versicht, erauszestiechen.
De Countdown fir d’Lëtzebuerger Sängerin leeft.
Prouwen, Interviewen, wéineg Zäit fir nozedenken. Um Enn gëtt en Donneschdeg alles op dräi Minutte reduzéiert. Lëtzebuerg geet wuel net als Favorit an d’Course, mee och net ouni Chance.
An an engem Concours, deen all Joer seng eege Geschichte schreift, kënnt et ëmmer nees zu Iwwerraschungen.