En Dënschdeg war OuvertureszeremonieUm Mëttwoch ass den offiziellen Optakt vum Filmfestival vu Cannes

Joel Detaille
De Jury gëtt presidéiert vum südkoreanesche Regisseur Park Chan-wook.
© MUSTAFA YALCIN/Anadolu via AFP

No der Ouvertureszeremonie en Dënschdeg den Owend, gëtt um Mëttwoch de Filmfestival vu Cannes  richteg lancéiert. 22 Filmer streide sech dëst Joer ëm d'Palme d’or.

De Jury gëtt presidéiert vum südkoreanesche Regisseur Park Chan-wook.

Dräi Lëtzebuerger Co-Produktiounen sinn Deel vun der "Quinzaine des cinéastes", enger vum Filmfestival onofhängeg a parallel organiséiert Sektioun. Um Bord vum Festival ass op der Croisette och nees e Pavillonsduerf, wou och de Lëtzebuerger Filmfong nees vertrueden ass.

Back to Top
CIM LOGO