Zu Wien war um Mëttwoch eng Pressekonferenz mat den zwee ESC-Hosts Victoria Swarovski a Michael Ostrowski. D'Victoria Swarovski huet dobäi betount, wéi vill Freed hir d'Moderatioun mécht: "Ech hunn et richteg genoss an och fir mech war et eng super Experienz." D'Victoria Swarovski ass eng Presentatrice a Pop-Sängerin aus Éisträich an och op der däitscher Tëlee bekannt duerch d'Emissioun"Let's Dance", bei där si 2016 gewonnen huet an déi si zanter 2018 moderéiert.
Si huet sech op der Pressekonferenz och begeeschtert iwwert déi zweet Halleffinall gewisen, an där Lëtzebuerg muer mam Eva Marija dobäi ass: "Et si fantastesch Acts an eng “Unbelievable Show."
D'Victoria Swarovski moderéiert déi eenzel Emissioune fir de Eurovision Song Contest zesummen mam Michael Ostrowski. Hien ass e bekannte Schauspiller an Éisträich an huet och scho vill moderéiert. Besonnesch bekannt ass hien och fir seng méi witzeg Rollen a Komedien.

D'Hosts hu verséchert, datt all Show hire ganz eegene Charme hätt, an datt sech de Public op en aussergewéinlechen Owend kéinte freeën.