
Nieft den Ausstellungen, déi een och déi aner Deeg am Joer besiche kann, stinn op dësem kulturelle Weekend Workshops, guidéiert Touren, Peformancen a Concerte fir Grouss a Kleng um Programm. Verschidden Aktivitéite mussen allerdéngs am Viraus bei de Muséeë reservéiert ginn. Kuckt dofir d'Detailer um Site vun de Luxembourg Museum Days no.
Organiséiert ginn d’Luxembourg Museum Days all Joer vum ICOM (International Council of Museums) am Kader vum internationalen Dag vum Musée. Mam Thema vun dëser 29. Editioun, "Museums Uniting a Divided World", gëtt déi aktuell Lag vun der Welt thematiséiert an den Zesummenhalt an onrouegen Zäiten an de Vierdergrond gesat. Muséeë géifen den Dialog, d’Verständnis, Inklusioun an d’Fräiheet tëschent verschiddene Communautéiten op der Welt fërderen, esou heescht et am Pressecommuniqué vum ICOM, a géifen d’Leit, trotz kulturellen, sozialen a politeschen Ënnerscheeder beienee bréngen.
Am Joer 2025 haten 18.783 Leit d’Luxembourg Museum Days besicht an och dëst Joer gëtt sech op dësem Weekend nees e groussen Undrang erwaart. Et ass nieft der Nuit des Musées,déi just an de Stater Muséeën organiséiert gëtt, dee gréisste Rendez-vous fir jiddereen, dee schonn ëmmer eng Kéier an ee vun de ville Lëtzebuerger Muséeë goe wollt.
D’Luxeembourg Museum Days si samschdes a sonndes jeeweils vun 10-18 Auer op. Hei déi komplett Lëscht mat alle Muséeën, déi de Weekend matmaachen:
- Ancienne Draperie, Esch-sur-Sûre
- Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain, Luxembourg-ville
- Centre national de l'audiovisuel (CNA), Dudelange
- General Patton Memorial Museum, Ettelbruck
- Konschthal Esch, Esch-sur-Alzette
- Kulturhuef Musée, Grevenmacher
- Lëtzebuerg City Museum, Luxembourg-ville
- Maison de Victor Hugo, Vianden
- Mudam Luxembourg - Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, Luxembourg-ville
- Musée A Possen, Bech-Kleinmacher
- Musée Bataille et Châteaux - Bataille des Ardennes et Maquettes de Châteaux, Clervaux
- Musée d'Histoire(s) Diekirch
- Musée de l'Abbaye, Echternach
- Musée de l'Ardoise, Haut-Martelange
- Musée de l'aviation luxembourgeoise, Mondorf-les-Bains
- Musée de Schengen
- Musée de la Ville de Vianden, Vianden
- Musée des Calèches G.-D. Charlotte, Peppange
- Musée des énergies, Beckerich
- Musée des Tramways et des Bus de la Ville de Luxembourg, Luxembourg-ville
- Musée Dräi Eechelen, Luxembourg-ville
- Musée National d'Art Brassicole, Wiltz
- Musée national d'histoire militaire, Diekirch
- Musée national d'histoire naturelle - Naturmusée, Luxembourg-ville
- Musée National de la Résistance et des Droits Humains, Esch-sur-Alzette
- Musée National des Mines, Rumelange
- Musée Rural Binsfeld, Binsfeld
- Musée Rural et Artisanal, Peppange
- Musée Thillenvogtei, Rindschleiden
- Musée Tudor, Rosport
- Nationalmusée um Fëschmaart, Luxembourg-ville
- Pompjeesmusée an der Géitz, Wiltz
- Réimervilla, Echternach
- Schmelzaarbeschter Musée, Schifflange
- The Family of Man, Clervaux
- Villa Vauban - Musée d'Art de la Ville de Luxembourg, Luxembourg-ville