
Als Konschtkritiker ass de Lucien Kayser nach ëmmer gär aktiv. Zënter e puer Joer ass de pensionnéierte Franséisch- a Philosproff a fréiere Fussball-Arbitter awer och President vun der Section Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal.
Virun e puer Wochen huet en an där Funktioun och de Präis vun der Sektioun un den Artist Eric Schumacher iwwerreecht, deen den Ament och an der Konschthal zu Esch ausstellt.
President vun der Sektioun Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal
Fir emol méi iwwer d’Roll an de Funktionnement vum Institut Grand-Ducal gewuer ze ginn, war d’Christiane Kremer an de Büro, deen am Gebai vun der neier BNL ass.
Ausserdeem goung mam Lucien Kayser awer och rieds iwwer déi franséisch Sprooch an hir Grammaire, iwwer Konschtkritik zu Lëtzebuerg an iwwer d’Esthetik an onlogesch Reegelen am Futtball.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
