
Gescheit, und trotzdem tapfer! Sou ass en Artikel an enger Zeitung iwwerschriwwen, an dëse Saz huet déi Journalistin un dem Kästner seng Helden an de Kannerbicher adresséiert an un den Erich Kästner selwer. Well hie war ee vun de wéinege regimekriteschen Auteuren, déi am zweete Weltkrich net an den Exil goungen. Als opmierksame Chronist hat hie vun 1941 un de Krichsalldag an engem geheime Journal festgehalen.
Wéi d'Nationalsozialisten 1933 an Däitschland un d'Muecht koumen, war de Kästner schonns e berühmten Auteur an hie war als eenzege vun deenen Auteuren, déi bei den Nazie schlecht ugesi waren, och an der Mënschemass derbäi, wéi säi Buch "Fabian" nieft e puer Gedichter den 10. Mee 1933 um Berliner Opernplatz a Flamen opgoung.
Hien huet du keng nei Bicher ënnert sengem Numm méi dierfen erausbréngen an huet gehofft, dass de brongen Drama séier géif eriwwer goen. Och huet hie seng Roll als Observateur an deem Krich gesinn a wor bliwwen, och wéinst senger Mamm, déi hien net eleng a sou engem Land wollt zeréckloossen.
Onvergiesse si seng humoristesch, dacks satiresch formuléiert gesellschafts- an zäitkritesch Gedichter, Epigrammen an Aphorismen. 1936 koum eng vun senge bekannteste Lyrik-Sammlungen am Schwäizer Atrium Verlag ënnert dem Titel Doktor Erich Kästners Lyrische Hausapotheke eraus. Ma nom zweete Weltkrich konnt den Auteur net richteg un d'Nokrichsliteratur uknäppen a gouf virun allem als Kannerbuch-Auteur wouer geholl an och geéiert. No an no goufen du seng Romaner nei entdeckt a de Kästner gouf President vum westdäitschen P.E.N.-Zentrum, P.E.N ass ee vun de bekanntsten internationalen Auteureverbänn.
Wéi hien a senger Autobiographie schreift, ass hien als Kand mat Bicher, Hefter a Stëfter opgewuess, well seng Elteren dacks Zëmmeren u jonk Schoulmeeschtere verlount haten. Säi Wonsch Schoulmeeschter ze ginn, gouf leider näischt. Hie gouf du als Journalist, als éischt bei der „Neuen Leipziger Zeitung“.
1965 hat den Auteur sech ganz aus dem Literaturbetrib zréckgezunn a kuerz virum sengem Doud den 29. Juli 1974 hat hien nach säin Accord ginn, dass en heelpädagogescht-therapeutescht Kannerheem ''Erich Kästner Kinderdorf''' genannt gouf. An hirem Haaptsëtz an der Géigend vu Schweinfurt gëtt dem Kästner seng Ierfschaft verwalt, dorënner méi wéi 8.000 Bicher aus senger Privatbibliothéik an nach vill privat Géigestänn.