
Déi Lëtzebuerger Regierung huet decidéiert, d'Participatioun vum Grand-Duché um Eurovision Song Contest fir déi nächst dräi Editiounen ze sécheren. (Bis ewell gouf et jo ëmmer just en Accord fir dat Joer drop) . Dëst ass e wichtege Schratt, well et déi néideg Visibilitéit a Stabilitéit fir den ESC garantéiert an déi musikalesch Presenz vu Lëtzebuerg an Europa stäerkt.
Zënter dem Retour beim ESC am Joer 2024 huet Lëtzebuerg seng Plaz um gréisste Live-Museksevent op der Welt erëmfonnt, dat mat wäit méi wéi 130 Milliounen Zuschauer. RTL Lëtzebuerg well dës Dynamik bäibehalen a weiderhin musikalesch Projeten an d'Course schécken, déi fir Kreativitéit, Diversitéit an Zesummenhalt stinn a Lëtzebuerg iwwert d'Grenzen eraus méi visibel mécht.
An deem Kontext steet dann och schonn den Datum fir den nächste Luxembourg Song Contest (LSC), deen wéi ëmmer am Virfeld vum ESCH organsiéiert gëtt, fir den Artist oder d'Artiste fir de Eurovision Song Contest 2027 ze designéieren. Rendez-vous heivir ass den 30. Januar 2027, dat nees an der Rockhal zu Esch-Belval. Hei fält dann d'Decisioun, wie Lëtzebuerg a Bulgarien vertrëtt.
Detailer iwwert den Oflaf an d'Organisatioun vun der nächster Editioun an och iwwert den Appel à candidature fir Kënschtlerinnen a Kënschtler déi wëllen dobäi sinn, wäerten am Juli kommunizéiert ginn.