
D'Famill vum Anne Schedeen huet matgedeelt, datt si friddlech am Alter vu 77 Joer gestuerwen ass. An engem emotionale Facebook-Message beschreiwe si se als eng Persoun mat vill Kreativitéit, Humor an enger grousser Léift fir hir Famill, kleng Hënn a gutt Geschichten.
D'Anne Schedeen ass duerch hir Roll als "Kate Tanner" an der Serie "Alf" weltberüümt ginn. An 103 Episoden huet si d'Roll vun der Mamm vun der Famill Tanner gespillt, déi den ausserierdesche Gaascht "Alf" bei sech opgeholl huet. D'Serie ass vun 1986 bis 1990 gedréint ginn.
Hir éischt Roll an enger TV-Serie hat d'Anne Schedeen 1974 an "Der Sechs Millionen Dollar Mann".