
Viru sechs Joer gouf d‘Maison du Grand-Duc an d‘Liewe geruff. Eng Verwaltung, déi de Grand-Duc organisatoresch a logistesch ënnerstëtze soll, oder anescht: Si soll Beruffleches a Privates um Haff trennen. Gutt 8 Méint nom Trounwiessel gëtt d‘Maison du Grand-Duc ëmstrukturéiert. D‘Deputéiert kruten e Méindeg den neien Organigramm an der Institutiounekommissioun presentéiert, wat d‘Volleksvertrieder virop emol begréisst hunn.
De Fraktiounschef vun der CSV Laurent Zeimet, President vun där Kommissioun:
„D‘Maréchale de la Cour war an der Kommissioun an huet eis an aller Transparenz erkläert, ewéi si d‘Maison du Grand-Duc liicht wëll ëmstrukturéieren, fir méi flexibel ze ginn. Si huet dobäi eis vollt Vertrauen an eis Ënnerstëtzung.“
Wéi d‘Administratioun aktuell organiséiert ass, ginn et e puer Onkloerheeten an Iwwerschneidungen. Den Direkter vum Büro vun der Hofmarschallin hat de Protokoll ënnert sech, wat sech mat den Aufgabe vum Aide de camp iwwerschnidden huet. An d‘Infrastrukturen, also de Palais, d‘Schlässer, grad ewéi d‘Garagen an d‘Gäert an de Patrimoine, ewéi Bibliothéik, Archiven a Kollektiounen, goufe getrennt geréiert.
"Do ass also net alles kloer. D‘Leit debrouilléiere sech an et geet virun, mä et ass net optimal."
Sou erkläert et d‘Sasha Baillie, Hofmarschallin zanter knapps annerhallwem Joer. De Capitaine Pierre Schroeder iwwerhëlt als Aide de camp och de Protokoll, well e jo souwisou scho fir d‘Organisatioun an d‘Sécherheet vum Grand-Duc Guillaume responsabel ass. A weider, sou d'Sasha Baillie:
"Andeems mir d‘Infrastrukturen an de Patrimoine regroupéieren, brénge mir ganz logesch an enger Direktioun zesummen, wat d‘Gestioun an d‘Erhale vu Biene betrëfft. Alles wat erhalen, konservéiert a valoriséiert soll ginn, fält domat an ee kohärenten Aufgabeberäich."
Elo gëtt déi richteg Persoun fir dee Posten gesicht.
"D‘Plaz gëtt deemnächst ausgeschriwwen, wann den Arrêté Grand-Ducal dann deementspriechend ugepasst ass."
Nieft der Persoun an dem Pierre Schroeder, gehéieren de Beroder vum Grand-Duc Tim Kesseler an d‘Personal-Directrice Françoise Jaminet zu der Direktioun ënnert der Hofmarschallin. Well den Yves Arend Protokoll-Chef vun der Regierung gëtt, existéiert de Büro vun der Hofmarschallin dann net méi an der aktueller Form. D‘Sasha Baillie soll extern Hëllef kréien, fir déi intern Changementer déi nächst Joren ëmzesetzen.
"Den Ament maachen ech dat eleng. Dat ass éierlech gesot ze vill. Et muss ee säin normalen operativen "daily business" maachen a gläichzäiteg plangen, wou een an enger Organisatioun higeet."
Déi extern Consultatioun muss nach budgetiséiert ginn. Ronn 20 Milliounen Euro d‘Joer huet d‘Maison du Grand-Duc zur Verfügung. Ronn e Véierels geet drop, fir d'Gebaier ze sécheren an a Stand ze halen. Käschten, déi d'Sam Tanson vun déi gréng novollzéie kann.
"Mir hunn dat och hei an der Chamber gesinn, dass dat alles kascht. Mir waarden dann op d‘Presentatioun vun den Zuelen, och am Beräich vun der neier Organisatioun, am Hierscht."
Well déi 120 Mataarbechter vun der Verwaltung an d‘Changementer agebonne goufen a ginn, huet och d‘LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding näischt dorun auszesetzen. Grad esou wéineg den André Bauler vun der DP.
"Dat ass de richtege Wee. Wann een esou grouss Changementer um Niveau vun der Struktur wëll maachen, muss een d‘Leit mat abannen. Ech hoffen, dass déi Dynamik ka bäibehale ginn, dass mir an Zukunft net méi mat esou komesche Situatiounen ewéi viru puer Joer um Haff konfrontéiert ginn."
"Et goung jo deemools drëms, méi Kloerheet an d‘Organisatioun vum Haff ze bréngen a Beruffleches a Privates esou wäit ewéi méiglech ze trennen. Do ass een um gudde Wee."
No Ongereimtheeten um Haff hat den deemolege Premierminister Xavier Bettel de Jeannot Waringo Enn Juni 2019 op den Haff geschéckt fir Ënnersichungen. Aus de Konklusioune vu sengem Rapport war och d‘Maison du Grand-Duc entstanen.