
Déi 75 Joer al Brittin wier "net méi am Koma, awer weiderhi schwéier krank an op der Intensivstatioun" a Portugal, wéi der Sängerin hiren Team an hir Famill e Méindeg den Owend op hirer Websäit matgedeelt hunn. D'Doktere wiere weider zouversiichtlech, "datt si sech gutt erhuele wäert, ma dat wäert seng Zäit daueren." Dowéinst géifen all d'Concerten, déi bis Enn August geplangt waren, ofgesot oder verréckelt ginn.
D'Tyler war Ufank Mee no enger Nout-OP an engem Spidol zu Faro un der südportugisescher Algarve-Küst an ee kënschtleche Koma versat ginn. Wéi et aus hirem Ëmfeld heescht, huet si missen um Daarm operéiert ginn.
Der Tyler hir Tournée duerch Europa sollt u sech schonn am Mee ufänken. Am Juli an am August sollt si dunn Open-Air Concerten an Däitschland, Éisträich an England sangen. Een Ofschlossconcert war fir Dezember am walisesche Cardiff geplangt, net wäit fort vun do, wou d'Tyler op d'Welt koum.
D'Bonnie Tyler, déi mat biergerlechem Numm Gaynor Hopkins heescht, gouf Enn vun den 1970er Joren mam Hit "It's a Heartache" bekannt. An den 1980er Joren ass d'Sängerin mat der markanter Stëmm mat Lidder wéi "Total Eclipse of the Heart" an "Holding Out for a Hero" zum Weltstar ginn.