Xavier Bettel bestätegtPaulette Lenert soll Kommissär fir d'Weltausstellung 2030 zu Riad ginn

Annick Goerens
Et wier eng Win-Win Situatioun fir béid Säiten, erkläert den DP-Ausseminister Xavier Bettel.
D'Paulette Lenert an de Xavier Bettel dierften deemnächst nees méi enk zesummeschaffen.
© Chris Schagen

An der Emissioun "Invité vun der Redaktioun", huet de Xavier Bettel confirméiert, datt hien dem Regierungsrot d'Paulette Lenert als Kommissär fir déi nächst Weltausstellung proposéiert. Déi ass 2030 zu Riad a Saudi-Arabien an dofir géing hien et och fir wichteg halen, fir eng Fra ze nennen. Donieft wier si eng fréier Vizeministesch. Dat hätt méi Poids an esou Länner wéi ganz vill aner Leit.

Vum 1. Juli u soll si am Ministère vum Commerce extérieur schaffen an d'Virbereedunge fir dës nei Aufgab iwwerhuelen. "A si kritt do net e Schaf, wou se soll d'Luucht kucken, bis se ausbrennt." Dat hei wier eng Win-Win Situatioun fir béid Säiten, erkläert den DP-Ausseminister Xavier Bettel.

Back to Top
CIM LOGO