A BrasilienUS-Sänger Oliver Tree an Helikopter-Accident ëm d'Liewe komm

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-amerikanesche Sänger a Songwriter Oliver Tree, dee wéinst senger Welt-Tournée a Brasilien war, ass an engem Helikopter gestuerwen, deen e Sonndeg iwwer Rio de Janeiro erofgefall ass.

Zwee Helikoptere waren e Sonndeg de Moien an der Loft matenee kollidéiert a sinn iwwert dem westleche Quartier Recreio dos Bandeirantes erofgefall. Si sinn an dem Parking vun engem Händler fir elektresch Autoe gelant, wou duerch de Crash ronn 20 Autoe Feier gefaangen hunn, heescht et vun de Pompjeeën.

Wéi d'Police der AFP géigeniwwer confirméiert huet, sinn och all déi aner Leit, déi mat u Bord waren, gestuerwen. De Sänger, deen och eng grouss Online-Presenz hat, gouf als ee vu sechs Leit opgelëscht, déi an deenen zwee Helikopteren ënnerwee waren. D'Source, déi d'Passagéierlëscht bereetgestallt huet, sot der AFP ausserdeem, datt d'Affer wéinst hire schwéiere Verbrennungen nach net offiziell identifizéiert gi wieren.

Den US-Sänger Oliver Tree beim Austin City Limits Music Festival zu Austin, Texas am Oktober 2022.
Den US-Sänger Oliver Tree beim Austin City Limits Music Festival zu Austin, Texas am Oktober 2022.

Nieft dem Oliver Tree ginn op der Passagéierlëscht och e brasilianesche Museksproduzent, een argentinesche Video-Regisseur an den argentinesche YouTuber Gaspar Prim, deen Online als "Gaspi" bekannt war, opgefouert. An engem Helikopter ware fënnef Leit, an deem anere just de Pilot. Iwwerliewender gëtt et net.

Den 32 Joer alen Oliver Tree war nieft sengem eenzegaartege Stil och fir seng Hits "Life goes on", "Miss you" an "Alien Boy" bekannt. Op Spotify gouf hien all Mount vun iwwer 11 Millioune Leit gelauschtert. Seng bekanntste Lidder goufen iwwer 700 Millioune mol gestreamt.

Back to Top
CIM LOGO