En 0:0, dee sech bal wéi eng Victoire ufillt: Géint den amtéierenden Europameeschter stoungen d'Kapverdianer e Méindeg den Owend an der éischter WM-Partie vum Grupp H wéi eng Mauer an erkämpfe sech géint "La Roja" e Punkt. Virun allem de 40 Joer ale Golkipp Vozinha brilléiert beim Remis am Mercedes-Benz Stadium zu Atlanta. Eng grouss kapverdianesch Community gëtt et och hei am Land an déi huet sech den éischte Match vun hirer Nationalekipp bei enger Futtballweltmeeschterschaft iwwerhaapt natierlech net entgoe gelooss. Zu Ettelbréck gouf e grousse Public Viewing organiséiert, bei deem de wichtege Punktgewënn natierlech gefeiert gouf.
Fir déi "Blo Haien" geet et am Grupp H als nächst géint Uruguay an duerno géint Saudi-Arabien.