Nei Legislatioun trëtt a KraaftVerschidden Tankstelle kéinte vun e Freideg un owes manner laang op sinn

RTL Lëtzebuerg
D'Ëffnungszäite wäerten net bei all Tankstell d'nämmlecht änneren.
Eng Tankstell zu Rouspert.
© AFP

E Freideg trëtt zu Lëtzebuerg dat neit Gesetz iwwer d'Ëffnungszäite vun de Geschäfter a Kraaft. Besonnesch betraff dovu kéinten d'Tankstelle sinn. De Groupement Énergies Mobilité Luxembourg (GEML) an d'Fédération des Exploitants de Stations-Services (F.E.S.S.) hunn an engem Communiqué Detailer iwwer déi méiglech Suitte vum Gesetz fir d'Tankstelle genannt. Bei villen Tankstelle kéinten d'Ëffnungszäiten änneren, ma d'Situatioun wäert net iwwerall d'nämmlecht sinn.

À priori méi kuerz Ëffnungszäiten

Am Allgemengen ass am Gesetz virgesinn, dass d'Tankstellen owes éischter mussen zoumaachen. Déi nei Referenz-Ëffnungszäite ginn deemno an der Woch vu 5 Auer bis 21 Auer a weekends vu 5 bis 19 Auer. Um Virowend vun Nationalfeierdag op Hellegowend an op Silvester gi se vu 5 bis 18 Auer.

Konkret kéint dat bedeiten, dass vill Statiounen, déi bis ewell owes méi laang ophaten, éischter mussen zoumaachen, besonnesch um Weekend.

D'Clientë musse sech fir all Tankstell eenzel informéieren

Allerdéngs wäert net all Tankstell d'selwecht vun deenen neien Ëffnungszäite betraff sinn. D'Gesetz gesäit nämlech d'Méiglechkeet vun Derogatioune vir. A verschiddene Fäll kéinten iwwer Kollektivverträg méi laang Ëffnungszäite fixéiert ginn. Och kënnen Tankstellen ofhängeg vun hirer konkreter Situatioun eng Derogatioun kréien.

Eng Majoritéit vun den Tankstellen am Land gëtt iwwerdeems vun onofhängegen Operateure bedriwwen. Deemno géing et vun der individueller Situatioun vun deenen eenzelen Tankstelle-Bedreiwer a vun dësen hire Choixen ofhänken, wéi d'Ëffnungszäite konkret änneren. D'Situatioun kéint sech bannent den nächste Méint a Wochen nach entwéckelen. Fir d'Clientë géing dat bedeiten, dass si sech fir all Statioun eenzel driwwer mussen informéieren, zu wéi engen Ännerungen et bei den Ëffnungszäite kënnt.

Op den Tankstellen, op deenen een iwwer en Automat direkt op der Pompel ka bezuelen, wäerten de Bensinn an den Diesel weiderhi 24 Stonnen op 24 disponibel sinn.

D'Schreiwes vum Groupement Énergies Mobilité Luxembourg an der d'Fédération des Exploitants de Stations-Services.

Back to Top
CIM LOGO