Giro d'Italia: 1. EtappPaul Magnier wënnt Optakt a Bulgarien am Sprint no grousser Chute op leschtem Kilometer

Jeff Birsens
E Freideg de Mëtteg stoung déi 1. Etapp vum Giro d'Italia a Bulgarien vun Nessebar op Burgas um Programm.
Soudal Quick-Step French rider Paul Magnier celebrates as he crosses the finish line to win the 1st stage of the Giro d'Italia 2026 - Tour of Italy cycling race between Nessebar and Burgas, Bulgaria, on May 8, 2026.
De Paul Magnier freet sech iwwert d'Victoire am Massesprint zu Burgas.
© AFP

E Freideg huet sech de Paul Magnier d'Victoire bei der 1. Etapp vum Giro d'Italia 2026 geséchert. No 147 flaache Kilometer war et op der Arrivée am bulgaresche Burgas zu enger grousser Chute am Peloton bannent dem leschte Kilometer komm. Am Sprint duerno konnt sech dann de Fransous duerchsetzen. Op de Podium hunn et hannendrun den Dän Tobias Lund Andresen an de Britt Ethan Vernon gepackt.

E Lëtzebuerger Coureur ass bei der 109. Editioun vum Giro d'Italia net dobäi. E Samschdeg steet dann déi zweet Etapp um Programm, wou et iwwer 221 Kilometer vu Burgas op Veliko Tarnovo geet.

Klassement vun der 1. Etapp

1 MAGNIER Paul 3:21:08
2 ANDRESEN Tobias Lund ,,
3 VERNON Ethan ,,
4 MILAN Jonathan ,,
5 MIKHELS Madis ,,
6 LONARDI Giovanni ,,
7 ACKERMANN Pascal ,,
8 GUDMESTAD Tord ,,
9 WALSCHEID Max ,,
10 VAN GESTEL Dries ,,

Generalklassement

1 MAGNIER Paul 3:20:58
2 ANDRESEN Tobias Lund 0:04
3 TAROZZI Manuele ,,
4 VERNON Ethan 0:06
5 SEVILLA Diego Pablo ,,
6 MORGADO Antonio 0:08
7 MILAN Jonathan 0:10
8 MIKHELS Madis ,,
9 LONARDI Giovanni ,,
10 ACKERMANN Pascal ,,

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO