Start vum Giro d'ItaliaDe Jonas Vingegaard gräift nom "Triple"

Tom Nols
Bei senger éischter Participatioun zielt den Dän direkt zu den Toppfavoritten. Mat enger Victoire kéint de Vingegaard sech de faméisen "Triple" sécheren.
Kann den Dän nom Tour de France an der Vuelta och nach den Giro gewannen?
© AFP

Déi 109. Editioun vum Giro d'Italia gëtt tëscht dem 8. an dem 31. Mee gefuer. Gesicht ass de Nofollger vum Simon Yates, deen d'lescht Joer gewonnen hat. Toppfavorit op d'Victoire ass de Jonas Vingegaard, sou datt d'Ekipp Visma - Lease a Bike no 2025 erëm ganz vir kéint sinn. Den Dän trëtt eng éischte Kéier am Giro un, wärend säi Rival Tadej Pogacar dësen ausléist. Réischt am Juli beim Tour de France wäert et zum groussen Duell tëscht deenen Zwee kommen. Zu de weidere Favoritten zielen de jonken Italieener Giulio Pellizzari an den Éisträicher Felix Gall. Lëtzebuerger wäerten dëst Joer iwwregens keng am Giro matfueren.

Den Dram vum Triple

Den dänesche Coureur huet dës Saison säi Programm geännert. No de Victoirë bei Paräis-Nice an am Tour duerch Katalounien ass hien der Meenung, dass de Giro him hëllefe wäert, fir fir d'Grande Boucle a Form ze sinn. Sollt hien de Rosa Maillot bis op Roum droen, wier de Jonas Vingegaard eréischt den aachte Coureur iwwerhaapt, deem eng Victoire geléngt an den dräi grousse Courssen Tour de France, Vuelta an Giro.

D'Streck

An 21 Etappe geet et iwwer bal 3.500 Kilometer vum bulgaresche Nessebar op Roum, wou de Giro den 31. Mee wäert ukommen. Schonn um zweeten Dag wäert de Parcours hiwweleg ginn. Am Ganze si méi wéi 49.000 Héichtemeter ze bewältegen, 7 Arrivéeën um Bierg si geplangt. Déi 7. Etapp wäert mat 246 Kilometer déi längste sinn, wärend um 10. Dag den eenzege Contre-la-montre wäert gefuer ginn. Cima Coppi, den héchste Punkt vum Giro 2026, wäert mat 2.233 Meter iwwert dem Mieresspigel de Passo Giau sinn.

Spéitstens op de schwéiere Biergetappen an der leschter Woch, wann et an d'Dolomite geet, wäert d'Entscheedung falen.

Back to Top
CIM LOGO