
Zwee Lëtzebuerger, den Andy Schleck an de Charly Gaul, stounge bis haut am Ganze fënnefmol um Podium vum Tour d’Italie. Tëscht 1956 an 1961 huet sech de Charly Gaul dobäi gläich sechsmol noeneen ënnert de véier Éischte vum Giro klasséiert an dobäi 11 Etappe gewonnen. Ee gellegen Exploit an der wuel zweetschwéierster Course vun der Welt!
Nëmme Leit ewéi Binda, Coppi, Bartali, Anquetil oder Merckx kënnen op een änlech exzeptionelle Palmarès am Giro zeréckkucken: Véierten an de Joren 1957 an 1961, Drëtten an de Joren 58 a 60 an da sollt de Charly Gaul zweemol ganz uewen um Podium vum Giro stoen - fir déischt 1956.
Dat Joer ass de Charly Gaul fir déi éischte Kéier um Depart vum Giro gewiescht, an der italieenescher Ekipp Guerra, zesumme mam Marcel Ernzer an dem Willy Kemp. Ma éier et an d'Bierger goung, huet de Charel schonns iwwer siwe Minutte Retard am General, gewënnt awer dunn déi éischt Biergetapp an den Abruzzen an dono och de Chrono biergop zu San Luca.
Virun der leschter Biergetapp an den Dolomiten läit de Charly Gaul awer nach ëmmer iwwer 16 Minutten hannert dem italieenesche Leader Fornara. Op den 242 Kilometer vu Meran op de Monte Bondone, iwwer véier Collen, reent et deen Dag (8.6.1956). Zanter dem éischte Col ass de Charel an der Attack an d’Ecarten tëscht de Konkurrente sinn enorm. Ronderëm Trento an dem Monte Bondone falen d'Temperaturen ënner Null, et fänkt u mat schneien. Iwwer 60 Coureure ginn op. Och Ernzer a Kemp, mee de Charly Gaul fiert eleng der Arrivée entgéint an iwwerhëlt de Maillot Rose, virun den Italiener Magni a Coletto, déi him de finalen Erfolleg net méi kënne streideg maachen. Deen Dag, den 8. Juni 1956, schreift den Direkter vun der Sportszeitung "L’Equipe", de Jacques Goddet, a sengem Artikel fir den Dag drop:
"Charly Gaul a remporté le triomphe le plus complet qu’un coureur cycliste ait obtenu en une journée… C’est un exploit sans précédent dans le cyclisme contemporain. On retrouve là le caractère des étapes de montagne des temps préhistoriques. Il a fallu pour cela le cataclysme céleste, mais aussi la classe très rare et très particulière du petit Luxembourgeois…"

Nach haut ass de Charly Gaul fir "d’Bondoneri", wéi sech d'Vëlosfrënn vum Monte Bondone ronderëm Trento nennen, eng Legend. An de Joren 2006 bis 2019 gouf all Joer eng Randonnée fir Cyclotouristen zu Éiere vum Charly Gaul op de Monte Bondone organiséiert an zanter 2016 erënnert uewenaus um Bierg och eng Büst vum Charly Gaul u säin Exploit aus dem Giro 1956.
Fir d'lescht ass den Giro 2023 uewen um Bondone ukomm. Gewënner war do de Joao Almeida virum Geraint Thomas an dem Primoz Roglic. Och deen Dag huet et liicht gereent uewen um Bondone an an der Permanence vun der Course stoung direkt am Accueil eng grouss Foto vum Charly Gaul, wéi hien deemools 1956 op der Arrivée vun zwee Carabinieri bis bei säin Auto hat musse gedroe ginn.

Dräi Joer drop, 1959, ass de Giro duerch den Duell Gaul/Anquetil markéiert. De Charly Gaul dréit de Maillot Rose vun der drëtter bis zur 14. Etapp, ier hien dem Anquetil de Leadertrikot muss iwwerloossen, dee mam Van Looy ugegraff huet, wéi de Gaul zweemol platt ginn ass. Virun der zweetleschter Etapp, déi lescht an de Bierger iwwer 296 km vun Aosta op Courmayeur, huet den Anquetil nach 3’36 Avance, mee nees reent et deen Dag, dem Charel säi Wierder. De Moment fir ee weideren Exploit vum deemools beschte Grimpeur vun allen Zäiten. Knapp 10 Minutte verléiert den Anquetil deen Dag op de Gaul an domadder de Giro, dee fir déi 2. Kéier un den Charly Gaul geet, iwwer 6 Minutte virun Anquetil, Ronchini a Van Looy.

Nom Charly Gaul huet et 48 Joer gedauert, bis mam Andy Schleck 2007 nees ee Lëtzebuerger als formidabelen Zweeten um Podium vum Giro stoung, 1’55’’ hannert dem Gewënner Danilo Di Luca. Siwemol huet den Andy sech 2007 dobäi ënnert deenen 10 Éischt vun enger Etapp am Giro klasséiert, dovunner dräimol als Drëtten an de schwéiere Biergetappen, wéi uewenaus um Zoncolan. Als beschten Nowuess-Coureur bréngt den Andy Schleck deemools de Maillot Blanc mat heem.
Nieft dem Charly Gaul huet domadder bis haut just nach ee lëtzebuergesche Coureur de Maillot Rose am Giro gedroen respektiv och eng Etapp gewonnen, nämlech de Bob Jungels. 2016 dréit hien dräi Deeg laang de Leadertrikot, no der Arrivée vun der 10. Etapp zu Sestola. Schluss-Vainqueur 2016 ass de Vincenzo Nibali ginn. De Bob Jungels gëtt exzellente Sechsten op 8’31’’ am General.
Dat Joer drop, 2017, dréit de Bob Jungels nach emol de Maillot Rose wärend fënnef Deeg, no der Arrivée vun der véierter Etapp uewenaus um Etna op Sizilien. Mat de Wieder "Fumée rose sur l’Etna“ gratuléiert de Sportminister Romain Schneider deemools dem Lëtzebuerger Champion, zu sengem zweeten Exploit als Leader vum Giro, deen de Bob Jungels als ganz gudden Aachten ofschléisst, 7‘04“ hannert dem Gewënner Tom Dumoulin. De Bob Jungels kritt dann och zu Mailand als beschte jonke Coureur de Maillot Blanc iwwerreecht.
