Reaktiounen no Cyclocross-EMMarie Schreiber: "Ech fannen et respektlos an onfair"

RTL Lëtzebuerg
D'Marie Schreiber an de Jempy Drucker kënnen d'Jury-Entscheedung net verstoen.
Schwiereg Decisioun op der Cyclocross EM
Reaktion am Journal den Dag vun der Course.

No der Europameeschterschaft ass d'Enttäuschung grouss. Nodeems d'Marie Schreiber zu Zeddam an Holland als Éischt iwwer d'Arrivée gefuer war, gouf si laang Minutten no der Arrivée op déi 2. Plaz deklasséiert. Eng Entscheedung, déi souwuel international wéi och bei deene Betraffenen op wéineg Versteesdemech stéisst.

2. Plaz fir Marie Schreiber op der EM am Cyclocross
Reaktioun vum Marie Schreiber no der Course

"Et geet elo e bësse besser wéi direkt no der Arrivée. Et ass jidderengem bewosst, datt et keng einfach a keng richteg Decisioun ass. D'Kommissären, oder vill méi ee Kommissär, huet decidéiert datt hien dat Ganzt net fair fonnt hätt. Si hunn och net richteg nogelauschtert, wat ech ze soen hat an hunn dat selwer entscheet. Ech hunn et schonn an anere Interviewen gesot, datt ech dat net an der Réi fannen. Si schwätzen ëmmer vu Fair-Play an dann huele si sou Decisiounen. D'Lucinda Brand huet och gesot, datt genuch Plaz do war an datt et net méi laanscht komm wier. Kloer, ech beweege mech e bëssen, dat ass an engem Sprint ganz normal. An der Vergaangenheet gouf et dacks e Sprint, deen och sou gefuer ginn ass. Fir mech ass dat Ganzt net nozevollzéien, ech fannen et respektlos an onfair."

Jempy Drucker: Mir wäerten als Federatioun nach e Protest aleeën

Natierlech mécht d'Marie e klenge Manöver. Um Enn vun der Course ass jidderee midd an am Cross hues de net vill Loft an de Pneuen. Wann da souguer d'Lucinda seet, datt et fir hatt korrekt war, dann ass dat schwiereg nozevollzéien. Um Enn war et eng Decisioun vun engem Kommissär. Mir wäerten als Federatioun jiddefalls Protest aleeën, ob dat allerdéngs eppes bréngt, ass schwéier ze soen. Mir wëllen dat awer maachen, besonnesch fir dem Marie de Réck ze stäipen."

De Jempy Drucker no der Course vum Marie Schreiber
Lëtzebuerger Nationaltrainer kann Decisioun net verstoen.

Kuckt hei nach eemol Biller aus der Course mam kontroverse Sprint ëm den Titel bei den Dammen.

Back to Top
CIM LOGO