E Samschden de Mëtten ass zu Zeddam an Holland déi nei Cyclocross-Europameeschterin an der Elitt gesicht ginn. No enger ganz staarker Course, an där si déi éischt Tier eleng un der Spëtzt louch, ass d'Marie Schreiber no 7 Tier mat enger Zäit vun 51:37 Minutten als éischt Coureuse iwwer d'Zillinn gefuer. Wéinst engem Manöver am Schlusssprint géint d'Lucinda Brand gouf d'Lëtzebuergerin awer duerno reklasséiert, soudass et um Enn déi 2. Plaz bei dëser EM ass - eng Decisioun, déi fir Diskussioune suergt. D'Bronzemedail war fir d'Ceylin del Carmen Alvarado (+17 Sekonnen).
No engem staarken Depart konnt d'Marie Schreiber sech un d'Spëtzt setzen a sech schonn nom 1. Tour eng Avance vun 13 Sekonnen erausfueren. Och am 2. Tour op deem knapp 3 Kilometer laange Parcours huet d'Lëtzebuerger Championne net nogelooss a konnt hir Avance bäibehalen. Op de Plazen 2 an 3 louchen déi hollännesch Weltmeeschterin Lucinda Brand an hir Landsfra Ceylin del Carmen Alvarado, déi och schonn e Virsprong op déi aner Coureusen haten.
An der Suite hu Brand an Alvarado den Tempo du virun eegenem Public ugezunn, soudass d'Avance vum Marie Schreiber no an no méi kleng ginn ass. Am 4. Tour huet d'Weltmeeschterin no enger Chute den Uschloss un d'Alvarado verluer, déi awer den Ecart op d'Schreiber eleng zoufuere konnt. Kuerz drop konnt dunn och d'Brand zum Spëtzenduo opschléissen.
An de leschten Tier waren déi 3 Coureusen deemno zesummen ënnerwee, dat mat enger Avance vu ronn enger Minutt op Plaz 4. Am 7. a leschten Tuer ass d'Alvarado no enger Chute ecartéiert ginn, soudass Schreiber a Brand den Titel ënnert sech ausmaache konnten. Zum Schluss huet d'Marie Schreiber sech dunn an engem laange Sprint knapp virun der Weltmeeschterin duerchgesat. Do war fir d'Jury awer ee Manöver net reegelkonform, woumat d'Brand d'Inge van der Heijden als Europameeschterin ofléist.
Donieft war e Samschden zu Zeddam och d'U23-Course vun den Hären. Hei huet den 19 Joer jonke Lennox Papi sech mat engem Retard vun 3:29 Minutten als 31. klasséiert. D'Victoire am Schlusssprint war fir de Fransous Aubin Sparfel.
Bei de Juniorinne war déi 16 Joer jonk Lëtzebuergerin Sarah Koenig mat um Depart, si huet et e Samschden de Moien och op déi 31. Plaz gepackt (+3:06). Hei konnt d'Belsch Lentel Huys sech iwwert den Titel freeën.