
De presuméierten Täter ass ugeschoss an du festgeholl ginn. Hien ass e polnesche Staatsbierger. An der polnescher Noriichtenagence PAP no hat hie Militärkleedung un.
Wéi déi polnesch Regierung am Laf vum Owend matgedeelt huet, handelt et sech bei der Dot ëm e rietsextremen Terrorakt. De Mann wier vu "rietsextremen Ideologien faszinéiert" gewiescht, esou den Inneminister Marcin Kierwinski.
De polnesche Premier Donald Tusk huet vun enger tragescher Schéisserei geschwat.
Bei enger Pressekonferenz huet de polnesche Premierminister Donald Tusk matgedeelt, datt bei enger Perquisitioun am Haus vum presuméierten Täter dräi Läiche fonnt goufen. Et handelt sech ëm zwou Fraen an ee Mann. Et géif ausgesinn, wéi wann et Membere vu senger enker Famill wieren, esou den Tusk.
D'Autoritéite géifen d'Haus vum Verdächtegen a senger Famill duerchsichen. Do kéinte sech eng Rei Waffen a Schosswaffe befannen. Och den Auto vum Verdächtege gëtt kontrolléiert, fir auszeschléissen, datt dovun eng Explosiounsgefor ausgeet.
Den Tusk ass iwwerzeegt, datt méiglech Komplize vum presuméierten Täter séier kënne festgeholl ginn. D'Police an déi zoustänneg Autoritéite géifen d'Ëffentlechkeet esou séier wéi méiglech informéieren.
