Ronderëm KiewUkrain mëllt grouss Schied no russeschen Attacken op Energie-Infrastrukturen

RTL Lëtzebuerg
D'nächst Woch si weider Verhandlungsgespréicher zu Abu Dhabi geplangt fir en Enn vum Ukrainkrich.
De besuergte Buergermeeschter vu Kiew Vitali Klitschko
De besuergte Buergermeeschter vu Kiew, de Vitali Klitschko.
© SERHII CHUZAVKOV / NURPHOTO / NURPHOTO VIA AFP

D'Ukrain mëllt gréisser Schied un Energie-Infrastrukturen an der Regioun ronderëm d'Haaptstad Kiew, dat no russeschen Attacken an der Nuecht op e Samschdeg.

D'Stroumversuergung vun der ukrainescher Haaptstad wier "extrem schwiereg", esou de Buergermeeschter Vitali Klitschko e Samschdeg de Moien op der Online-Plattform Telegram. Och d'Waasserversuergung an d'Fernwärme-Netzer wiere betraff. Rieds geet och vu fënnef Blesséierten, dorënner ee Kand.

D'nächst Woch si weider Verhandlungsgespréicher zu Abu Dhabi geplangt fir en Enn vum Ukrainkrich. Russland an d'Ukrain sollen en Dënschden eng Delegatioun dohinner schécken, dat fir Dräiergespréicher mam Vermëttler USA.

Back to Top
CIM LOGO