Bis elo längst AuslandsvisittPoopst Leo XIV ass e Freideg a Südamerika gelant

RTL Lëtzebuerg
Bis viru kuerzem war net kloer ob de Poopst Leo déi Rees wéi geplangt maache kéint, dat aus gesondheetleche Grënn.
De Poopst huet et sech net huele gelooss, via Bréifwal bei de Midterms mat ofzestëmmen.
De Poopst huet et sech net huele gelooss, via Bréifwal bei de Midterms mat ofzestëmmen.
© FILIPPO MONTEFORTE/AFP

De Poopst Leo XIV ass e Freideg a Südamerika gelant fir seng bis elo längst Auslandsvisitt. 12 Deeg soll seng Rees daueren, dat mat Statiounen an Uruguay, Argentinien an am Peru, wou de Poopst selwer iwwer 20 Joer gelieft huet. Hie wier glécklech zeréckzekommen, sot en e Freideg no gutt 13 Stonne Vol.

Bis viru kuerzem war net kloer, ob de Poopst Leo déi Rees wéi geplangt maache kéint, well e rezent eréischt mat engem béisaartegen Tumor un der Long operéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO