IsraelDen Oppositiounsleader Gadi Eisenkot soll eng nei Regierung forméieren

RTL Lëtzebuerg
Den israeelesche President Isaac Herzog huet de fréiere Chef vum Generalstaf, Gadi Eisenkot, domat beoptraagt, eng nei Regierung ze forméieren.
Netanyahu virum Aus: Gadi Eisenkot soll nei Regierung forméieren.

© JACK GUEZ/AFP

Den israeelesche President Isaac Herzog huet de fréiere Chef vum Generalstaf, Gadi Eisenkot, domat beoptraagt, eng nei Regierung ze forméieren. Dat huet d'Presidence e Samschdeg den Owend matgedeelt. Den Eisenkot ass de Chef vun der Oppositiounspartei Yashar! a gëllt als wichtegste Géigner vum aktuelle Regierungschef Benyamin Netanyahu.

Den 66 Joer alen Eisenkot soll de Sonndeg um 17 Auer offiziell mam Mandat beoptraagt ginn.

Bei de Walen de 27. Oktober war dem Netanyahu säi riets- an extreem rietsgeriichte Lager mat 53 vun den 120 Sëtz an der Knesset zwar als stäerkste Kraaft ervirgaangen. Et feelt him awer un Ënnerstëtzung, fir eng nei Regierung ze forméieren.

Sechs Parteie mat zesummen 67 Sëtz hu sech dofir fir den Eisenkot ausgeschwat. Zousätzlech kritt hien d'Ënnerstëtzung vun zwou arabesche Lëschten.

D'Chancë vum Netanyahu goufen dogéint geschwächt, nodeems eng ultraorthodox Allianz decidéiert hat, sech bei der Recommandatioun enthalen.

Back to Top
CIM LOGO