FuttballWéi geet et weider mam F91?

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt spekuléiert, dass den Trainer Dino Toppmöller no der Saison kéint op Virton wiesselen, zesumme mat Turpel a Sinani.
© pressphoto.rtl.lu (Archiv)

No der Annonce vum Mäzen Flavio Becca, datt hie sech an deenen nächsten 2 Joer aus dem Lëtzebuerger Football-Champion F91 zeréckzéie wäert, stelle sech d'Leit vun Diddeleng d'Fro, wéi et bei der Equipe aus der Forge du Sud weider geet! Lo de Weekend war op verschidde Plazen d'Spekulatiounen ze héieren, datt den Trainer vum F91 Dino Toppmöller, deem säi Kontrakt um Enn vun der Saison ausleeft, bei de Becca-Veräin op Virton an d’Belsch kéint wiesselen. Zwee Spiller kéinten do och matgeholl ginn, an zwar d’Nationalspiller Dave Turpel an Danel Sinani.

Dann ass et jo och kee Geheimnis, datt de Sportmäzen sech méi beim Swift wëll engagéieren. Do zirkuléieren d'Nimm vun Joubert, Schnell, Malget, an Luisi, dee jo op d'Jeunesse ausgeléint ass, déi vum F91 op den Hesper Holleschbierg kéinten wiesselen.

Back to Top
CIM LOGO