Futtball-Härennationalekipp kritt nei TrikotenFLF annoncéiert nei Partnerschaft mat JAKO bis 2030

RTL Lëtzebuerg
D'FLF huet e Méindeg eng nei Kooperatioun mat JAKO annoncéiert. No den Dammen an de Jugendekippe wäerten an Zukunft och d'Hären nees an Trikote vum däitsche Sporthiersteller oplafen.
Hären-Nationalekipp (Archiv)
© Val Wagner

Déi Lëtzebuerger Häre-Futtballnationalekipp kritt nei Tricoten. D’Futtball-Federatioun huet e Méindeg hiert neit Partenariat mat der däitscher Firma JAKO bis 2030 offiziell annoncéiert.

Schonn an der Vergaangenheet haten d’Rout Léiwen Tricoten vu JAKO. Donieft ekipéiert den däitschen Hiersteller aktuell och schonn d’Dammen-Nationalekipp, wéi och déi sëllegen Nowuess-Ekippe vun der FLF.

Back to Top
CIM LOGO