
Wann een op der Autobunn op engem Parking stoe bleift, fir en dréngend Geschäft z'erleedegen, kënnt et gären emol vir, datt ee sech bei den ëffentlechen Toiletten d'Nues muss zouhalen. Verschidden Airë sinn dann an der Ëmgéigend dofir bekannt, datt een dës besser evitéiert. Zu deenen zielt zum Beispill déi vun Entrange op der A31 a Richtung Lëtzebuerg.
Hei fënnt een nämlech Exkrementer net just an der Toilette, mä och emol um Buedem oder un der Mauer an d'Pissoire si reegelméisseg verstoppt. Net fir näischt hunn dës Toiletten de Spëtznumm "Toiletten aus der Häll" op Google Maps kritt. Do fënnt een dann awer och, datt et wuel déi "knaschtegst Toiletten um ganzen Autobunnsreseau sinn". RTL- Frankräich hat sech viru ronn engem Joer Situatioun hei schonn emol ugekuckt.
"D'Toilettë goufen zwee Mol pro Dag gebotzt, an awer hunn Notzer et fäerdeg bruecht, se méi séier knaschteg ze maachen, wéi mir se gebotzt kréien", erzielt de Christophe Tejedo, Chef du service régional d'exploitation Grand Est à la Direst ICI Lorraine.
Ma elo awer déi gutt Nouvelle: Dës Toilettë gehéieren deemnächst der Geschicht un a wäerten an den nächsten Deeg ofgerappt ginn. Och déi Informatioun krut ICI Lorraine, déi awer präziséieren, datt d'Gebailechkeete schonn zanter dem 3. August zou sinn an d'Aire selwer vum 17. August un net méi accessibel ass, dat fir ronn fënnef Wochen.
D'Direst installéiert op der Plaz nei Toiletten, déi ouni Waasser funktionéieren, nom selwechten Prinzip, wéi se zu "Diddenuewen - Portes de France" installéiert goufen. Dat ass u sech déi selwecht Plaz, just eben an déi aner Richtung. Bei den Toiletten ouni Waasser gi Mikroorganisme wéi Reewierm agesat, fir déi organesch Stoffer ze zersetzen. Virun allem awer sinn dës Toiletten anescht opgebaut, fir ze evitéieren, datt se verknascht oder beschiedegt ginn. "Si sinn aus Plastik, sinn däitlech méi kleng a bidde manner Plaz, fir Graffiti. Si si manner attraktiv fir Vandalismus, et ass eppes ganz anescht", verséchert de Chef vum regionale Service.
D'Aarbechte si bis den 21. September virgesinn, da geet d'Aire d'Entrange nämlech nees mat sengen neien Toiletten op. Et bleift ze hoffen, datt no den Ëmbauaarbechten d'Optik, de Geroch an déi aktuell Reputatioun vun den "Toiletten aus der Häll" wäerte verschwannen.