Hären-Turn-EM zu Zagreb a KroatienQuentin Brandenburger wëll Performance vum Training confirméieren

Sam Rickal
Lisa Weisgerber
Vun e Mëttwoch bis e Sonndeg sinn zwee Lëtzebuerger Turner op der Europameeschterschaft zu Zagreb a Kroatien am Asaz. Nieft dem Quentin Brandenburger ass och de Ronan Foley mat dobäi.
De Quentin Brandenburger am RTL-Interview
Mam Lisa Weisgerber huet hien iwwer d'Preparatioun virun der EM geschwat.

Ugefaangen huet d'Saison fir de Quentin Brandenburger schonn am Abrëll mat den FLGYM Open. Mee net nëmmen national war den 22 Joer alen Athlet aus dem COSL-Promotiounskader aktiv. Hien huet och Kompetitiounen an der franséischer an däitscher Liga geturnt, donieft och eng an der Belsch.

Zanter engem Joer trainéiert de Quentin Brandenburger zu Saarbrécken an Däitschland. D'Zil war, sech an engem neien Trainingsëmfeld ze preparéieren. D'Virbereedung op d'Europameeschterschaft ass gutt verlaf.

Mam Ronan Foley ass nach e weidere Lëtzebuerger Turner op der EM am Asaz. Béid Weeër hate sech wéinst de Studie getrennt. De Quentin Brandenburger ass frou, datt e weideren FLGYM-Athlet mat dobäi ass, dat stäerkt och den Ekippegeescht.

Dem Sportzaldot seng Ambitioune si kloer: genau do usetzen, wou hien am Training opgehalen huet. De Fokus läit net op engem spezifesche Gerät. Trotzdeem huet hie sech puer Disziplinne erausgesicht, an deenen hien nach méi performant wëll sinn. De Quentin Brandenburger an de Ronan Foley sinn e Mëttwoch am Asaz.

De Quentin Brandenburger am RTL-Interview
Mam Lisa Weisgerber huet hien iwwer seng Ambitiounen op der Europameeschterschaft geschwat.

Back to Top
CIM LOGO