Den 13. August 2006, also virun quasi genau 20 Joer, gouf den David Fiegen iwwer 800 Meter Vize-Europameeschter op der EM zu Göteborg a Schweden. Zwee Joerzéngten huet et gedauert, bis nees e Lëtzebuerger Vize-Europameeschter gouf. De Ruben Querinjean huet e Sonndeg den Owend d'Sëlwermedail iwwer déi 3000 Meter Steeple konnte feieren. Den David Fiegen war live virun der Tëlee mat dobäi a konnt sech ganz gutt an dem Ruben Querinjean seng Gefillslag era versetzen.
"Ech menge besser kann een dee Gebuertsdag net feieren. Mir hunn dat doheem mat der Famill gekuckt, et war super emouvant. Meng zwou Madammen hunn e bësse méi gejaut wéi ech. Ech hu mech herno gefrot firwat. An effektiv, esou op deem leschten Tour, sinn e bëssen d'Emotioune mat mer duerchgaangen. Et war eng Rees an d'Vergaangenheet. Ech hu mech a ville Saachen erëmgesinn. Ech mengen, ech ka ganz gutt beurteelen, wéi de Ruben sech an der Course gefillt huet oder elo duerno, mat all deem wat op hien aprasselt. Et war einfach e geniale Moment."
De Ruben Querinjean huet a senger Analys bei eis am RTL-Interview gesot, datt hie sech déi ganz Course wuel gefillt huet an datt hien déi richteg taktesch Choixe geholl huet. Eng Situatioun, déi een net ëmmer huet.
"Ech kennen de Ruben perséinlech guer net. Als Athleet hunn ech hie gëschter e bësse besser kenne geléiert. Hie wierkt extrem poséiert, extrem intelligent gelaf, hie wosst zu all Moment wat leeft. Hien huet ni en Androck vu Panik hannerlooss. An da komme sou Resultater dobäi eraus, fir Zweeten ze ginn. Éischte wär och méiglech gewiescht, mee fir op engem Podium bei Europameeschterschaften ze lafen, muss Villes beieneekommen. Do ass et net just Form an e bësse Chance. Do gehéiert ganz vill dozou. Ëmsou méi op den 3000 Meter Hindernis, wat awer aacht Minutten dauert. Dat heescht, et huet een aacht Minutten Zäit, fir Feeler ze maachen. Hien huet keng gemaach, hien huet sech taktesch extreem clever positionéiert. An dat do ass d'Resultat. Wéi gesot, dat ass genial."
Den David Fiegen weess selwer, wéi déi Wochen no esou engem Exploit ausgesinn. Esou e Succès ze feieren ass scho schwéier, mee et ass nach méi schwéier dësen dann an der Suite ze confirméieren. Mee beim Ruben Querinjean huet een trotzdeem d'Gefill, datt nach Sputt no uewen ass.
"Hien huet extreem Potenzial, dat gesäit een. Ech géing awer zu 100 Prozent och ënnerschreiwen, dass dat do nach net de Peak vu senger Karriär ass. Do mengen ech ass nach Loft no uewen. Ech mengen hien ass intelligent genuch, fir dat selwer ze wëssen, fir déi Saach do anzeuerdnen. Elo geet et Richtung Enn vun der Saison. Ech weess emol net, ob en nach Course leeft. Et kéint gutt sinn, dass en nach Bréissel leeft. Ech mengen elo geet et drëm déi Saach do sacken ze loossen a virun allem dat och ze genéissen. Alles dat matzehuelen, wat elo kënnt. Et wäerten och Saisone kommen, wou et villäicht net méi esou gutt leeft. An dann hëllefen natierlech vun esou Erfolleger, wat dech erëm weider motivéiert, fir virunzefueren."
Bannent 12 Méint huet de Ruben Querinjean souwuel d'Diamand League zu Bréissel gewonnen, wéi och elo den Vize-Europameeschtertitel zu Birmingham. Doduerch klëmmt natierlech och d'Confiance. Déi ass wichteg, fir och déi méiglech schwéier Zäiten duerch ze stoen.
"Ech mengen dat doten ass e Succès, dee wäert him eng ganz grouss Ënnerstëtzung ginn. Natierlech wossten d'Insider schonn, dass eng gutt Plaz dran ass. Ech mengen, hien huet seng Erfolleger scho gehat. Et ass net wéi wann et aus dem Näischt géing kommen. An natierlech wäerten och Saisone a Momenter kommen, wou villäicht iergendeng kleng Blessur kënnt a wou s de un der zweiwels. Da gëllt et sech un déi dote Saachen ze erënneren an ze soen: Okay, ech hunn et eemol fäerdegbruecht, ech kann et en eng zweet Kéier fäerdegbréngen. An dat gëtt der Schwong fir virunzefueren."
Esou Prestatioune wéi déi vum Ruben Querinjean oder déi vum Patrizia Van der Weken droen zur Popularitéit vum Sport bäi. Dovu profitéiert och d'Liichtathletik-Federatioun. Den David Fiegen hofft op weider gutt Resultater vu de Lëtzebuerger Liichtathleten.
"Ech wéilt elo net nach eng Kéier 20 Joer laang waarden, bis ech engem ka felicitéiere fir eng Medail op internationalem Niveau. Et ass ëmmer gutt, wann d'Spëtzt vun enger Sportaart, wann déi erfollegräich ass. Dat gëtt natierlech der Jugend eng gewësse Siicht, eng gewëssen Optik, wou ee kann hikommen, wat ee kann erreechen. Ouni eng Spëtzt gëtt d'Breet och ganz komplizéiert. Ech hoffen, dass dat der Lëtzebuerger Liichtathletik e grousse Schwong gëtt an dass do villäicht e puer Jonker sech motivéiert fillen, fir villäicht dat selwecht ze erreechen oder villäicht an déi Sphären ze kommen."